Wéi eng Rei Medie mellen, koum et e Samschdeg de Moien op e puer europäesche Fluchhäfen zu Cyberattacken.

Betraff wieren deemno d'Servicer, déi d'Systemer fir Check-In a Boarding geréieren. Betraff wieren ënner anerem Fluchhäfen zu Berlin, Bréissel a London. Wéi d'Belga News Agency schreift, wieren zu Bréissel géint 7 Auer néng Flich annuléiert ginn., weider 15 hätte missen ëm op d'mannst eng Stonn verréckelt ginn. Check-Innen a Boarding wieren hei nëmme manuell méiglech.

Och de Londoner Fluchhafen Heathrow huet Verspéidungen annoncéiert, mee net vun enger Cyberattack, ma vun engem technesche Probleem geschwat. De Fluchhafe BER huet Medie géigeniwwer confirméiert, datt et zu engem Cyberugrëff koum, allerdéngs wier de Fluchhafe selwer "net Zil vun der Cyberattack gewiescht an dovunner nëmmen indirekt betraff". 

Wien hannert der Attack stécht an ob nach weider Fluchhäfe betraff sinn, ass den Ament nach net gewosst.

lux-Airport huet eis op Nofro hi confirméiert, datt een um Findel net vun engem Cyberugrëff betraff wier.