An engem Communiqué sot sech d’DP e Sonndeg den Owend schockéiert iwwer eng „inacceptabel Ausso“ vum CSV-Europadeputéierte Fränk Engel.

Deen hat e Freiden op Facebook geschriwwen: „Déi aktuell Regierung huet zanter Amtsuntrëtt déi gréisst Purge am öffentlechen Dingscht zanter der Zivilverwaltung virgeholl - et je pèse mes mots“.

D’Demokratesch Partei huet sech gefrot, wat d’Positioun vun der CSV zu dësem „Nazi-Verglach“ ass an hat de Parteipresident Marc Spautz an de Fraktiounschef Claude Wiseler dozou opgefuerdert, sech vun den Aussoe vum Fränk Engel ze distanzéieren. Den Nazi-Terror dierft net op sou eng Manéier verharmloost ginn, schreift d’DP.

D'Presidentin Corinne Cahen sot RTL, datt ee bei der Nominatioun vun engem President vun engem Verwaltungsrot net einfach mat engem Nazi-Verglach kéint kommen. D'Vizepresidentin vun der CSV Martine Hansen hätt déi Ausso um Facebook och geliked. Op deen Niveau hätt een awer net wollten hin hei zu Lëtzebuerg.

AUDIO: D'Corinne Cahen

Den CSV-Parteipresident Marc Spautz sot, déi Wierder wieren net déi allerglécklechst; de Fränk Engel hätt se nëmmen zäitlech, d'Zäitspann zënter dem Krich an elo, benotzt. Keen an der CSV géif dës demokratesch gewielte Regierung mam Nazi-Regime vergläichen an och vun enger Purge géif an der CSV kee schwätzen.

An der Partei hätt nach ni een an och net elo esou ee Verglach gemaach.

AUDIO: De Marc Spautz

Engel: "Et gëtt kee Naziverglach"

Dem Fränk Engel selwer no gëtt et kee Nazi-Verglach. Et géif nëmmen e gi „wann e vu lauter Onfäegkeet fir sech mam Problem ausenanerzesetzen, onbedéngt e wëll konstruéieren“. Den Europadeputéierte géif de Begrëff elo net méi benotzen, „well ech gesinn hunn, zu wat e féiert an d'Leit mengen, ech hätt do eppes gemaach, wat net gehéiereg ass“.

Polemik oder net, „de Problem bleift ganz“, mengt en: „Nach ni an deene 70 Joer gouf et eng däraarteg Well, net vu Nominatiounen, déi gouf et dacks, mee virun allem vum Géigendeel, ni si Leit bewosst vu Posten entfernt gi, well se net an der richteger Partei waren“.

De Fränk Engel ass der Meenung, dass d'DP nëmme gestéiert ass, wann et ëm si selwer geet. En erënnert „déi selwecht DP, déi sech Haut esou opreegt“, dru „wéi de Lëtzebuerger Journal, ënner dem deemolege Chefredakter Roemen, mech an aner Leit jorelaang (...) als Faschiste bezeechent huet. Deemools krut ech matgedeelt, dat wier éischter amusant an dat misst een awer erdroen“.

AUDIO: De Frank Engel

Xavier Bettel: "Wiere mech géint Generalverdacht géint d'Fonction Publique"

Um Méindeg den Owend huet de Premier Xavier Bettel op sengem Facebook-Kont reagéiert op déi ganz Polemik mat dësen Aussoen:

Ech wiere mech ausdrécklech géint de Generalverdacht géint d’Fonction Publique deen amgaangen ass gemaach ze ginn.

Mat Wierder ewéi « Purge » an Uspillungen un däischter Zäiten an der Lëtzebuerger Geschicht gouf rezent eng generell Ausso gemaach fir Vertrieder vun der Fonction Publique hir Neutralitéitspflicht ofzerkennen. Et ass inakzeptabel, dass e Vertrieder vun enger Partei, déi Jorzéngten an der Regierungsverantwortung war, esou eng Duerstellung vum ëffentlechen Déngscht... propagéiert.

D‘Regierung huet zanter hirer Vereedegung Leit op hire Poste confirméiert oder ersat. Et hu Leit op eegene Wonsch aner Responsabilitéite kritt an et si ganz bestëmmt och aner Beamten, déi nei genannt gi sinn op verantwortungsvoll Posten, déi virdrunner aner Aufgaben haten. D‘Regierung mécht dobäi keen Ënnerscheed tëscht Leit, déi sech an hirer Fräizäit politesch engagéieren an deenen, déi dat net maachen.

Als Premier- a Staatsminister sinn ech der Meenung, dass all Mënsch Respekt verdéngt, dee sech fir d’Allgemengheet engagéiert, sief et politesch, sozial oder op eng aner Manéier. Fir mech gëtt et keng « Parteibeamten ». Ech ka fir mech selwer soen a fir déi Ministèren, wou ech d’Responsabilitéit hunn, dass ech eng immens engagéiert an dévouéiert Equipe hunn. Et sinn dobäi genee esou Leit, déi op Gemengenniveau fir eng Partei aus der aktueller Oppositioun an der Verantwortung sinn, ewéi där, déi anere Parteien nostinn oder keng Affiliatioun hunn. Ech erkenne keen Ënnerscheed an hirer Motivatioun an hirem Verständnis vun Déngscht um Bierger.

Déi politesch Vertrieder an der Regierung, der Chamber an och op Gemengenniveau hunn eng Responsabilitéit vis-à-vis vun deene Leit, déi en Eed op d‘Verfassung ofgeluecht hunn. Fonctionnairen an Employéeë beim Staat musse fräi vu parteipoliteschen Ënnerstellungen hir Aarbecht kënne maachen an duerfen net zum Spillball vum politeschen Debat ginn.

XB