Wärend der Allerhellegevakanz test d'Police mat de Fournisseure vun hirem Sécherheetsmaterial d'Installatioun vun dësen Dispositiffen.

Ween dëser Deeg um Kierchbierg laanscht d'Place de l'Europe fiert, deem dierft opfalen, dass den Ament do vill Maschinnen a Sécherheetsequipement ronderëm stinn. D'Police mécht dës ganz Woch iwwer ee sougenannten Test à blanc fir d'Installatioun vun hire Sécherheetsinstallatiounen ze testen.

D'Sécherheetsequipement, wéi zum Beispill metalle Sécherheetsdieren oder Bëtongsbléck, gi vun externen Entreprisen installéiert. Dës Opträg mussen awer all 5 Joer frësch ausgeschriwwe ginn. Een Deel vum Ausschreiwungs-Prozess besteet doran, duerno och mat de Fournisseuren d'Installatioun ze testen, wéi d'Anne Winter vun der Direction de la Logistique bei der Police erkläert:

"Mir maachen hei den Test à blanc, deen no enger Ausschreiwung gemaach gëtt. Mir hunn e Fournisseur, dee sech gemellt huet op eng Ausschreiwung en vue, fir eben dësen Dispositif opzeriichten. An elo geet et drëm, dass de Fournisseur eis och soll ënner Beweis stellen, dass en à même ass, fir en bonne et due forme dësen Dispositif dann sur place opzeriichten."

An engems gëtt och vun der Geleeënheet profitéiert fir ze kucken, ob d'Sécherheetskonzept nach muss ugepasst ginn:

"D'Place de l'Europe, déi huet gelieft, déi ass haut anescht wéi se viru fënnef Joer war. Mir hunn zum Beispill verschidde Chantieren, déi anescht sinn an och d'Philharmonie ass méi grouss ginn. A mir mussen da sécherstellen, dass och am Fall vun engem groussen Dispositif à grande envergure eben d'Sécherheet bannent dem Perimeter garantéiert ass."

Dee ganzen Exercice soll dann nach bis e Samschde lafen. Vun do u wäert den Trafic op a ronderëm d'Place de l'Europe nees normal lafen.