Den europäesche Projet SIGMA huet mat Succès en éischten Test fir sécher Satellittekommunikatioun bei Naturkatastrophen duerchgefouert.

Beim simuléierte Fall vu schwéieren Iwwerschwemmungen am Norde vum Land, bei déi normal Netzwierker net verfügbar wieren, gouf eng sécher Verbindung iwwert de Satellit GovSat-1 opgebaut. Dëst huet et erméiglecht, datt d’Kommandostatioun vun der Arméi zu Dikrech mat den Unitéiten am Asazgebitt konnt kommunizéieren – inklusiv Videokonferenzen a kritescher Datekommunikatioun.

D’Léisung huet en automatescht Ëmschalte vun den terrestreschen Netzwierker op militäresch Satellittekommunikatioun erlaabt. Nodeems d'Situatioun stabiliséiert war, gouf d’Kommunikatioun ouni Problemer zeréck op déi normal Netzwierker geschalt.