Handicap International sensibiliséiert dëse Mount d'Lycéesschüler am Land. Am Mëttelpunkt stinn d'Geforen vun de Streebommen.

Dës Bomme suergen a Konflikt-Länner fir schrecklech Suitte bei der Zivilpopulatioun. An 8 verschidde Lycéeën am Land huelen elo am ganzen eng 750 Schüler u spezielle Workshopen deel.

Um Donneschdeg zum Beispill am Escher Jongelycée. Dat Land wat den Ament am meeschte vun der Problematik betraff ass ass Syrien.

D'Sophie Pierrat vun Handicap International Lëtzebuerg ass bei er Sensibiliséierungscampagne an de Lycéeë mat dobäi.

D'Sophie Pierrat vun Handicap International Lëtzebuerg
...
Sensibiliséierungscampagne vun Handicap International
Onkommentéiert Bildmaterial