No Air-Berlin-Faillite
Luxair iwwerhëlt Streck Saarbrécken-Berlin

Bis ewell gouf déi Ligne vun Air Berlin geflunn, déi awer elo Enn Oktober de Betrib komplett wäert astellen.
D'Luxair iwwerhëlt an Zukunft d'Fluch-Verbindung tëscht Saarbrécken a Berlin.
Dass d'Luxair d'Stréck elo iwwerhëlt gouf vun der saarlännescher "Strukturholding Saar" um Freideg confirméiert, ouni awer Detailer ze nennen. Et gouf op e Rendez-vous fir d'Presse e Méindeg verwisen.
Dem Fluchhafe vu Saarbrécken no gëtt d’Ligne op Berlin vu ronn 170.000 Passagéier d’Joer genotzt.
Am meeschte gelies