De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Prozess ëm Policegewalt zu Esch

Dës Woch krute fënnef suspendéiert Policebeamten um Stater Geriicht de Prozess gemaach. Dat wéinst engem Fall vu Policegewalt, zu deem et 2019 zu Esch komm ass. E Polizist hat hei e Mann, dee sech deen Ament net aggressiv verhalen hat, an d'Gesiicht geschloen. Zwee aner Beamten haten d'Affer festgehalen. Duerno hunn déi dräi dann, zesumme mat zwee anere Beamten, déi beim Asaz dobäi waren, e gefälschte Procès-verbal fabrizéiert, deen déi uerg Blessuren, déi de Mann dovugedroen huet, op eng aner Manéier erkläert huet. De Parquet freet 6 Joer Prisong fir de Polizist, dee geschloen huet a jeeweils véier Joer fir déi aner Ugekloten.

Éischt Zuelen zu de Käschte vum Trounwiessel

De Premier Luc Frieden huet éischt Zuelen zu de Käschte vum Trounwiessel genannt. Deemno krut den Atelier ronn véier Milliounen Euro an d'BCE krut der dräi. Méi genee Chiffere wéilt een an den nächsten Deeg kommunizéieren. Et wéilt een Transparenz, wat d'Käschte vum Evenement ugeet, sou de Premier en Dënschdegmëtteg an enger Froestonn an der Chamber.

Motocyclist schwéier blesséiert

En Dënschdegmoien ass et zu Mamer engem uergen Accident komm. En Auto an e Moto sinn hei aneneegerannt. Nom Accident war nieft dem Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police och de Stater Samu op der Plaz.  De Motocyclist koum mat schwéiere Blessuren an d'Spidol.

Traditionelle Rendez-vous zu Veianen

D'leschte Sonndeg waren nees eng 12.000 Leit zu Veianen um traditionellen Nëssmaart. Déi bescht Fotoe vum Event kënnt Dir hei kucken.

Prozess ëm sexuell Iwwergrëff a Vergewaltegung

En Donneschdeg de Moie gouf e fréiere Sozialaarbechter vum Office social vu Suessem an éischter Instanz zu 7 Joer Prisong, dovu 5 mat Sursis verurteelt. Doriwwer eraus muss hien e psychiatreschen Traitement maachen an d'Affer entschiedegen. Dem Mann gouf an néng Fäll sexuell Belästegungen an eng Vergewaltegung virgeworf.

Dat Ganzt geet op d'Joren 2010 bis 2019 zeréck. D'Iwwergrëff ware réischt public ginn, nodeems Mataarbechterinnen aus dem concernéierten Office social 2019 de Schäfferot drop higewise hunn, wat Fraen hinnen uvertraut haten.

Historesche Pilier zu Rëmeleng ofgerappt 

Zu Rëmeleng huet e Bauer en historesche Pilier ofgerappt. Dat ouni Autorisatioun vun der Gemeng. De Pilier war Deel vun enger Seelbunn, déi 1906 opgeriicht gouf a bis 1980 a Betrib war. Dës ass vum franséischen Ottange iwwer Rëmeleng an de Belval bis op Déifferdeng gaangen a gouf genotzt, fir Eisenäerz aus de Minnen ze transportéieren. Domat war se eng wichteg Komponent vun der Lëtzebuerger Stolindustrie.

Vun 2033 u sinn nëmmen nach Fürerschäiner am neie Format erlaabt

Vill Leit zu Lëtzebuerg si schonn op d'Plastik-Versioun vum Fürerschäin ëmgeklommen. Ma 62.000 Automobilisten hunn nach deen am rosa Pabeierformat. Mee et leeft eng Zäitschinn. Nom Januar 2033 sinn an der EU nëmmen nach Fürerschäiner am Plastiksformat erlaabt. Bis dohinner bleiwen d'rosa Pabeier-Fürerschäiner och valabel. Jidderee kann awer elo ewell de Permis vum ale Format fräiwëlleg via eng einfach Demande bei der SNCA ëmtauschen. Bannent de leschten zwee Joer hunn dat iwwer 6.000 Leit gemaach.

Ass Lëtzebuerg op eng potenziell Kris preparéiert?

Ëm dës Fro ass et e Mëttwoch an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert" um Radio gaangen. Den Haut-Comissaire à la protection nationale Guy Bley huet op d'Froen, déi Dir an deem Kontext erageschéckt hutt, geäntwert. Déi ganz Emissioun kënnt Dir hei kucken a lauschteren.