Abréch an Autoen zu Beetebuerg an an der Stad

© RTL-Archiv
En Donneschdeg goufen der Police nees eng Rei Déifställ aus Autoe gemellt.
Sou beispillsweis am Nomëtteg an der Rue de l'Indépendance zu Beetebuerg, wou Täter sech Zougang an en Auto verschaaft hunn an dann e puer Wäertgéigestänn matgoe gelooss hunn. Ëm déi selwecht Zäit gouf et dann ee weideren Abroch an der Rue du Fort Neipperg am Garer Quartier. Hei hunn d'Täter d'Fënsterscheif ageschloen an eng kleng Täsch geklaut.
A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet. Informatiounen, wéi ee sech preventiv géint Abréch an Autoe schütze kann, fannt Dir um Site vun der Police.
Alkohol um Steier
Der Police goufen en Donneschdeg donieft och nees Fäll vun Alkohol um Steier gemellt. Op der Route de Luxembourg zu Rodange war et ee Verkéiersaccident mat zwee Autoe ginn, no deem ee vun de Chauffere weidergefuer ass. D'Police konnt d'Automobilistin kuerz duerno stoppen. Bei hir goufe kloer Unzeeche vun Alkohol festgestallt an en Test ass deementspriechend och positiv verlaf. De Permis gouf agezunn.
Méi spéit am Owend war dann nach op der N2 zu Hamm ee Gefier am Zickzack a Richtung Findel ënnerwee. Och hei war den Alkoholtest, dee vun der Police gemaach gouf, positiv.