En Donneschdeg am fréien Nomëtteg gouf der Police gemellt, datt um Kierchbierg een Déif säin Onwiese géif dreiwen.

Éischten Informatiounen no huet hie Parfum geklaut. Am Kader vun enger Enquête konnt d'Police de Verdächtegen ermëttelen. Der Police no ass hie wuel ee Widderhuelungstäter. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Déif festgeholl an e Freideg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.

D’Police mellt dann och nees Abréch an Autoen. Zum Beispill en Donneschdeg de Mëtteg an der rue du Fort Neiperg op der Stater Gare. Hei gouf d’Fënster vun engem Auto futtigeschloen, fir un eng Posch ze kommen. Och zu Beetebuerg an der Rue de l’Indépendance huet en Täter e puer Wäertobjeten aus engem Gefier geklaut.