CNS kann d'Probleemer net eleng léisen
E Freideg de Moie war d'Santé Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Bis elo ass zwar nach kee Bréif ukomm, mä d'CNS rechent fest domadder, datt se Courrier vun den Doktere kritt, fir d'Konventioun ze kënnegen, sot e Freideg de Moien de President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé als eisen "Invité vun der Redaktioun". Et wéisst ee just nach net, wéini. D'AMMD hat jo virun der leschter Gesondheetsquadripartite e Méindeg Drock gemaach, dëse Schrëtt ze goen. D'Problemer, déi d'Dokteren uprangeren, misst ee scho seriö huelen. Mä d'CNS kéint déi sécher net eleng léisen, sou de Christian Oberlé, deen op den 1. November d'Spëtzt vun der CNS no 7 Joer verléisst. Säin Nofollger gëtt de José Balazantegui, aktuelle Vizepresident.
Op de Virworf, d'Lëtzebuerger Gesondheetspolitik wier ze vill spidolszentréiert, huet de President vun der Gesondheetskeess geäntwert, datt d'Spideeler zwar wuel mat ronn 1,5 Milliarden Euro deen décksten Ausgabeposten am Budget sinn. D'Doktere géifen awer mat am ganze ronn 900 Milliounen direkt hannen dru kommen. A wann déi aktuell Entwécklung sou weider géif goen, hätten d'Doktere souguer d'Klinicke bei den Ausgaben an 12 Joer iwwerholl.
Frustreaktioun
D'Gesondheets- a Sécurité-sociales-Ministesch Martine Deprez sot, datt de Sträit tëscht Dokteren a Keess iwwert d'Hausse bei der sougenannter "Lettre clé" just d'Drëps war, déi d'Faass bei der Dokterschaft zum Iwwerlafe bruecht hätt. De Christian Oberlé gesäit dat änlech. An der Mediatioun iwwer d'Tariffer wieren op eemol Problemer diskutéiert ginn, déi u sech um Niveau vun der Quadripartite hätte misse gefouert ginn. Datt dat zu Frust féiere kann, well een d'Gefill kritt et géif engem net nogelauschtert, kéint hie verstoen. Mä et géif ebe fir alles eng Plattform. An d'Mediatioun wier fir déi do net déi richteg gewiescht.
12 Méint Rou fir d'Assuréen awer net fir d'CNS
Fir den Assuré ännert sech déi elo mol 12 Méint näischt, wann d'Dokteren d'Konventioun kënnegen. Et muss awer zäitno eng nei ausgehandelt ginn. Déi Aarbecht kënnt also op den Nofollger vum Christian Oberlé duer. Prinzipiell fënnt den aktuelle President et "u sech net schlecht", datt eng Konventioun heiansdo mol nei gemaach géif ginn. Déi aktuell wier och vun 1992. Mä den Zäitpunkt wier net optimal, well de Moment villes nach um Wee wier en vue vu méi fundamentalen Ännerungen.
Den Defizit an der Keess huet sech vun 2019 un ugedeit
Eng akut Erausfuerderung ass jo och déi schlecht Finanzsituatioun vun der CNS. Den Defizit klëmmt d'nächst Joer op iwwer 200 Milliounen. Dëst Joer gëtt et schonn e Minus vun 118,5 Milliounen Euro. Et hätt een dat alles scho vun 2019 u komme gesinn, sou de Christian Oberlé an et wieren och schonn Aspuerungen an Héicht vun 30 Milliounen Euro decidéiert ginn. Dat géif awer largement net duer goen.
"Maîtrise médicalisée": Wat heescht dat?
Op der Quadripartite gouf dowéinst ënnert anerem festgehalen, datt d'Participatioun vum Staat eropgeet an an enger éischter Phas 60 Milliounen Euro duerch eng sougenannt "maîtrise médicalisée" bei de Verschreiwunge vu Medikamenter, de Labosanalysen an der Kiné solle gespuert ginn. Fir datt just nach dat bezuelt gëtt wat "utile et nécessaire" ass, wéi et dann offiziell heescht. Ganz konkret huet d'CNS elo scho bei de Bluttanalysen decidéiert, datt de Vitamin D an de B12 net méi rembourséiert ginn. A fir d'Schilddrüs ass et d'Virgab, am Ufank just ee Wäert amplaz direkt der dräi ze froen. Där Saache géif et vill, wou een de System méi effikass kéint maachen, mengt de Christian Oberlé, ouni datt d'Prise en charge dorënner leide géif. Wann een d'Spuerziler net géif erreechen an et och keng Besserung bei der Wirtschaft an dem Emploi gëtt, da géif een 2027 awer net laanscht Cotisatiounshaussë kommen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.