
Et gëtt kee spezifeschen Datum, op deem een d’Wanterpneue muss drop hunn. Et hänkt alles vun de Meteoskonditiounen of. Am Code de la Route ass mam règlement grand-ducal vum 10. September 2012 festgehalen:
Wanterpneue sinn obligatoresch, wann et schneit, wann et glat ass, wa sech Äis, Schnéi oder Matsch op der Fuerbunn befannen.
D’Police recommandéiert e Wiessel vu Summer- op Wanterprofil, soubal d’Temperaturen ënner 7°C falen. Vun deem Wäert u funktionéiert e Wanterpneu besser wéi e Summerpneu. En aneren Unhaltspunkt ass de Klassiker “Vun O bis O”. Vun Oktober bis Ouschteren. Domat dierft een op der sécherer Säit sinn.
Gëllen deet awer just d’Gesetz. Sollt e Gefier am Zweiwelsfall net richteg ekipéiert sinn, kritt de concernéierten Automobilist eng Amende vu 74 Euro, an e muss säi Gefier op der Plaz stoe loossen.
Net erlaabt zu Lëtzebuerg ass d’Mësche vu Summer- a Wanterpneuen. Et musse véier Wanterpneuen um Gefier montéiert sinn. Erlaabt sinn awer All-Wieder-Pneuen, och déi, déi just den “M+S"-Label hunn. Och wann et hei am Land net Flicht ass, recommandéieren d’Pneuenhändler, an och den ACL, datt ee wa méiglech just “All-Weather”-Pneue mat Schnéiflack-Symbol soll kafen. Am Wanter wär een domadder méi sécher ënnerwee. Aner Gesetzer gëllen an eise Nopeschlänner Däitschland a Frankräich.
Am beschten, et ass ee mat Zäiten u fir seng Wanterpneuen opzemaachen - oder dat maachen ze loossen. An den nächsten Deeg a Woche wäert bei de Pneuenhändler däitlech méi lass si wéi gewinnt. Ze recommandéiere sinn och d’Luuchten- a Pneuekontrolle vum ACL, déi bis Mëtt November organiséiert ginn.