Am Virfeld vum Referendum iwwer eng Nordstadfusioun war en Donneschdeg den Owend eng Infoversammlung zu Bierden.

Infoowend zum Nordstadreferendum / Reportage: Marc Hoscheid

Den 23. November wäerten d'Bierger vun Ierpeldeng-Sauer an engem Referendum doriwwer entscheeden, ob hir Gemeng weider un de Sondéierungsgespréicher iwwert eng Nordstadfusioun deelhuele soll oder net. Am Virfeld dovun organiséiert den Ierpeldenger Gemengerot dräi Informatiounsversammlungen. En Donneschdeg den Owend war déi zweet an déi gouf zu Bierden ofgehalen. An do war d'Stëmmung nawell zimmlech gereizt.

D'Populatioun vun der Gemeng Ierpeldeng wäert an deenen nächste Joren a Joerzéngte massiv wuessen, mat oder ouni Fusioun. Ma wann Ierpeldeng net mat sengen Nopere vun Dikrech, Ettelbréck a Schieren zesummegeet, wäert d'Gemeng sech d'Infrastrukturen, déi esou ee Wuesstem no sech zitt, finanziell net leeschte kënnen. Bei enger Nordstad-Fusiounsgemeng géing dat par Konter anescht ausgesinn. Dat war den Haaptmessage vum Buergermeeschter Claude Gleis. Duerch esou een Zesummeschloss hätt ee méi finanziell Moyenen, fir zum Beispill Infrastrukturen an de Beräicher Bildung a Sport ze bauen. An datt een där dringend neier bräicht, wéisst ee spéitstens elo, wou d'Turnhal zu Dikrech wéinst engem Waasserschued huet missen zougemaach ginn.

"Mir wëssen net méi, wou d'Kanner aus de Lycéeë vun Dikrech eventuell turne ginn. An Dir wësst, d'Piscine ass do ugebaut, et ka muer och an d'Piscine erareenen, da ginn d'Kanner vun Dikrech net méi schwammen an dat ass dramatesch. A mir sinn hei an der Regioun einfach net gutt opgestallt. An ech soen Iech just eppes, wa mir net zesummenhalen hei uewen, wa mir net probéieren, deen drëtte Pol ze ginn, da verléiere mir d'Schlappe vis-à-vis vum Süden a vum Zentrum."

Ma och wann den zukünftege Wuesstem ee Sujet war, huet dat ominéist Wandrad, dat d'Societéit Nordenergie, un där nieft Soler och d'Gemengen Dikrech an Ettelbréck bedeelegt sinn, bei Bierden opriichte wëll, deen Owend dominéiert. Eng 70 Leit haten de Wee an de Centre culturel "A Maesch" fonnt. D'Kritik huet sech dobäi manner ëm d'Wandrad u sech gedréint, wéi vill méi dorëms, wéi d'Nopeschgemenge op d'Bedenke vun de Bierdener Leit reagéiert hunn.

"Et koum keen Zeréck oder kee Funke vun enger Kompromëssbereetschaft vun deene grousse Gemengen an dann denken ech mer, sinn dat déi Politiker, mat deene ech herno wëll zesummeschaffen oder sinn dat déi Politiker, déi ech soll wielen?" 

De Claude Gleis huet zouginn, datt den Ierpeldenger Gemengerot déi Thematik am Ufank ënnerschat a sech net genuch gewiert gehat hätt. Ma och d'Awunner vu Bierden hätte sech réischt zimmlech spéit manifestéiert. Eng Ausso, déi net bei jidderengem gutt ukomm ass.

"Ech géif dozou just eppes soe Claude, fir eis lo de schwaarze Péiter hei zouzeschousteren ..."

Claude Gleis: "Hunn ech net gemaach, ech hu just, mir och, mir och ..."

"Da so éierlech gesot, dir huet et verbockt Kanner, esou ass et an net anescht."

Claude Gleis: "Viru 7 Joer oder wéi?"

Den Ierpeldenger Buergermeeschter huet e puer Mol ënnerstrach, datt de Projet elo schonn esou wäit ausgeschafft wier, datt just nach d'Geriichter e stoppe kéinten. An engem Punkt kruten d'Géigner vum Wandrad viru Geriicht schonn Onrecht, zwee weider Urteeler stinn nach aus.

D'Urteel vun de Leit zum Informatiounsowend en Donneschdeg ass un eisem Mikro par Konter kloer ausgefall:

"Ech hunn e schwaach fonnt. Ech hu gemengt, ech géing Informatiounen iwwer d'Nordstad kréien, do huet de Schäfferot näischt vu sech ginn."

"Typisch Politiker, die lassen alles abgleiten und gehen nicht wirklich auf die Probleme der Bevölkerung ein."

"D'Leit waren zimmlech opbruecht, wat och verständlech ass, ebe rëm eng Kéier d'Thema Wandmillen, jo. An ech fannen et einfach schued, datt d'Diskussioune sou waren, wéi se lo waren."

"Ech fanne just, dat doten hätt ee sech kënne spueren, de Buergermeeschter hätt solle seng zweet Stëmm zéien an da wier dat doten alles ausbliwwen. An dann hätte mer 2027 decidéiert, wéi et géing weidergoen."

De Claude Gleis hat wärend der Versammlung iwwregens nach eng Kéier ënnerstrach, datt de Gemengerot den Ausgank vum Referendum akzeptéiere wäert, egal wéi enk et gëtt.

Dat heescht, wa beim Referendum den 23. November een Nee erauskënnt, wäert Ierpeldeng sech aus de Fusiounsgespréicher zeréckzéien. Wann ee Jo erauskënnt, ginn d'Awunner vun deene 4 Nordstadgemengen am Joer 2027 gefrot, ob se fir eng Fusioun sinn oder net.

A sollt et 2027 zu deem grousse Referendum kommen, da wäert et just eng Fusioun ginn, wann a jiddwerenger vun deene 4 Gemengen eng Majoritéit dofir ass. Een Nee an enger Gemeng geet also duer, fir datt d'Fusioun gestuerwen ass.