CGDIS
Auto am Gruef op der A4 - ee Blesséierten

© RTL-Archiv
E Freideg de Moien ass op der A4 op der Héicht vu Leideleng een Auto vun der Fuerbunn ofkomm an dobäi an de Gruef geroden.
Bei dësem Tëschefall gouf eng Persoun verwonnt. De Samu an d'Ambulanz vun Esch souwéi d'Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng waren op der Plaz.
Ee weideren Accident war et dann nach en Donneschdeg den Owend ginn. Op der A31 a Richtung Metz op der Héicht vu Suuftgen krute sech zwee Autoen ze paken. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Hei waren d'Ambulanz vun Diddeleng an d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg am Asaz.
Am meeschte gelies