Sendegebai nieft Radiosantennen zu Jonglënster bleift denkmalgeschützt

© RTL Archivbild
Dat historescht Sendegebai nieft den dräi Radiostierm zu Jonglënster bleift denkmalgeschützt. Dat gëllt och fir de Waasserbaseng drënner.
Dat ass e rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht aus 1. Instanz. De Kulturministère hat d’Anlag als nationaalt Kulturierwe klasséiert. CLT-Ufa hat dogéint geklot, an 1. Instanz awer ouni Succès. Mä d’Mammegesellschaft vun RTL geet an Appell. D’Senderanlag ass aus den 1930er Joren. D’Gebai an de Waasserbaseng sinn aktuell geschützt, net awer déi dräi rout-wäiss Antennen um Lënster Bierg, well et sinn net d’Original-Antennen a gehéieren deemno net zum nationale Kulturierwen op deem Site. U sech ass geplangt, datt de ganzen Areal zu Jonglënster, deen net méi wierklech a Betrib ass, ëmgebaut gëtt.