En Donneschdeg den Owend krut d'Police zwee Virfäll an der Stad gemellt.

Um 20.40 Auer war et eng Kläpperei op enger Tankstell op der Route de Thionville. Zwee Männer waren hei dem Personal géigeniwwer handgräiflech ginn, wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, war ee vun hinnen immens onkooperativ an huet d'Polizisten iwwerdeems och beleidegt. Déi zwee koume mat op de Policebüro, well ee vun hinne mam Auto op der Plaz war, gouf ausserdeem en Alkoholtest gemaach, deen du positiv ausgefall ass. Säi Permis gouf agezunn an hie koum an de Passagearrest.

E weidere Virfall en Donneschdegowend gouf et op der Place de la Gare, wou e Mann mat engem Messer blesséiert gouf. Hien hat sech dobäi gewiert, wéi en anere Mann him seng Kette vum Hals rappe wollt an dësen ewechgestouss. Dobäi gouf hie vum Täter mat engem Messer um Réck verwonnt a koum fir weider Traitementer an e Spidol. Den Täter konnt flüchten, eng Enquête gouf lancéiert.