Well um Emballage de falschen Oflafdatum steet, rifft d'Gabriel SRL hir gereechert Saumonsforell zeréck.

Um Emballage steet, de Fësch wier bis de 25. November 2025 haltbar, richteg ass awer de 25. Oktober 2025. Et ass dowéinst den Appell, de Produit net ze consomméieren, mee en dohinner zeréckzebréngen, wou een e kaf huet.

Verkaf gouf de Produit vum 10. bis de 16. Oktober am Delhaize.