Gläichzäiteg soe 66 Prozent vun de Leit, datt d'Regierung d'Situatioun am Grëff huet, esou deen neiste Politmonitor vun TNS-Ilres fir Wort an RTL.

Am meeschte Confiance hunn d'Leit nach ëmmer an d'CSV - dat geet aus dem neie Politmonitor vun TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort ervir.

VIDEO: CSV leet beim Vertraue 6 Prozentpunkten zou!
Gläichzäiteg soe 66 Prozent vun de Leit, datt d'Regierung d'Situatioun am Grëff huet, esou deen neiste Politmonitor vun TNS-Ilres fir Wort an RTL.

Grouss Changementer ginn et keng par rapport zum leschte Sonndage am Mee, ma den Interessi un der Politik huet zougeholl an allgemeng och d'Vertrauen an d'politesch Parteien hei am Land.

AUDIO: Politmonitor Deel 1: Claudia Kollwelter

Wann d'Befroten eng Partei hu missen nennen, där se am meeschte vertrauen, hu 36% vun hinnen d'CSV uginn - domat leien déi Chrëschtlech-Sozial weider wäit virun deenen anere Parteien a confirméieren hire viregte Score, deen och scho bei 36% louch. D'Regierungsparteien zesummen gekuckt kommen dem rezente Sondage no awer op 1 Prozentsaz méi wéi d'CSV a leie bei 37%: DP 15 (+3), LSAP 13 (+1), Déi Gréng 9 (+/-0).

RTL

Hei gouf gefrot, wéi enger Partei een am meeschte vertraut. Do konnt een natierlech just eng Partei nennen.

Wann d'Leit zu den eenzelne Parteie gefrot ginn, bleiwen déi meescht par Rapport zum leschte Sondage am Mee stabel. E kloren Trend no ënnen ass awer bei der ADR (vun 21 op 18) ze erkennen, d'CSV leet 6 Prozentpunkte bäi (vu 56 op 62). Eng méiglech Erklärung heifir sinn dem Tommy Klein vun TNS-Ilres no d'Gemengewahlen: An der Couverture wier d'CSV als grousse Gewënner duergestallt ginn an d'Leit géife sech vläicht psychologesch dem Gewënner méi no spieren. De Raisonnement kéint sinn, datt d'Leit sech soen, wann aner Leit an anere Gemengen hinne vertrauen, da vertrauen ech hinnen och. "Dofir leet och eng CSV an der Vertrauensfro zum Beispill eng 6 Prozent bäi." Dat wär op alle Fall eng eventuell Erklärung dofir, esou den Tommy Klein.

D'DP klëmmt vu 44 op 45, d'LSAP fält vun 48 op 47, déi Gréng klamme vun 48 op 50 an déi Lénk vu 26 op 30 (Grafik ganz uewen).

Iwwert déi lescht 2,5 Joer gekuckt ass den Ecart tëscht CSV a Regierungsparteien hei awer ëmmer méi kleng ginn.

Huet d'Regierung d'Situatioun am Grëff? 66% soe Jo!

D'Befrote sinn donieft der Meenung, datt d'Regierung zanter dem Referendum d'Situatioun hei am Land besser am Grëff huet. Am Juni 2015 louchen se nach bei 39 Prozentpunkten, elo am Dezember bei 66. Also zwee Drëttel soen, datt d'Regierung esouwäit alles ënner Kontroll huet.

RTL

Wat déi allgemeng Stëmmung zu Lëtzebuerg ugeet, schwätzen 88% vun enger gudder ekonomescher Situatioun am Land an och déi perséinlech Situatioun op finanziellem a materiellem Niveau gëtt extrem positiv ageschat.

RTL

D'Etüd ass ee Mount no de Gemengewahlen gemaach ginn - ënnert anerem dëst, ma och aner Facteuren hu sécherlech bei der Meenung vun de Leit matgespillt: Triple A fir Lëtzebuerg, Depôt vum Budget, Annonce vun nächster Indextranche ... "Dat heescht, mir sinn an engem Gemengewahlen-Kontext, an engem Kontext vu ville positiven Noriichten, mir sinn och an engem Kontext vu Mesurë wéi zum Beispill dem Pappecongé, d'Diskussiounen iwwer de Staatsdéngscht, iwwert d'Gemengewahlen", och dorun erënnert den Tommy Klein.

RTL

Fir de jéngste Politmonitor goufen 1.020 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, déi iwwer 18 Joer hunn, gefrot. D'Etüd gouf tëscht dem 9. an dem 21. November gemaach.

"Déi Konservativ" bedaueren iwwerdeems an engem Communiqué, datt si an och aner kleng Parteien (Piraten, PID, KPL) net am Sondage opdauchen. Si fille sech diskriminéiert. Dobäi dauchen awer d'Piraten an d'KPL bei der Fro "A wéi eng Partei hutt Dir am meeschte Vertrauen?" op.

E Mëttwoch kucke mer, wéi déi verschidde Politiker a puncto Sympathie a Kompetenz bei de Wieler ofgeschnidden hunn.