Ausbildung vu Gesondheetsberuffer virum Kollaps? Educatiounsminister reagéiert

"De Problem mam Manktem u Personal an de Lycéeë fir Santés-Beruffer ass eis bekannt", esou reagéiert den Educatiounsministère op d'Aussoe vun der ALEPS.
Zënter Méint géif et en intensiven Echange tëscht Ministère an der LTPS-Direktioun ginn an d'Léisunge léichen och um Dësch, Léisungen déi an den nächste Woche wäerten ëmgesat ginn. De Wiessel bei den LTPS soll fir potentiell Enseignante méi attraktiv gemaach ginn.
Hei d'Aussoe vun de ALEPS, e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview
Via Derogatioun gëtt et zum Beispill méiglech, datt Leit, déi eng vun de Landessproochen net kënnen, awer kënne rekrutéiert ginn, ënnert der Konditioun, datt déi Sproochkompetenze bannent enger definéierter Zäit nogeholl ginn. Och soll et bei engem Wiessel vum privaten an den ëffentleche Secteur méi Flexibilitéit gi wat d'Remuneratioun ugeet, do geet et notamment ëm déi geschaffte Joren, déi de Concernéierten ugerechent kritt. Elo waart een op Dossieren, - 8 bis 12 Enseignante kéinten esou bäikommen an dat wäert duergoen, esou de Lex Folscheid, Coordinateur général am Ministère.
Nieft der personeller Opstockung ginn och, wat d'Lycées-Infrastrukture beim Centre hospitalier ugeet, Efforte gemaach. Well den ale Centre de logopédie jo weider als Struktur fir Flüchtlinge muss genotzt ginn, hänkt de Projet fir den Neibau um LTPS. Ma och do gouf, net wäit ewech vun der aktueller Schoul, eng Léisung fonnt, fir méi Surface ze schafen an zwar am Gebai vun der CSSF.
D'ALEPS fuerdert, datt fir den Infirmier an d'Infirmière eng Bachelor-Karriär soll agefouert ginn. Do géif een op Experten aus dem Gesondheetssecteur lauschteren. Jiddefalls géifen et mat sou engem Changement Riske ginn, zum Beispill deen, datt d'Leit zwar besser qualifizéiert wieren, mä datt der net méi sou vill et géinge packen.
Wat d'Problematik ugeet, gëtt een der ALEPS zwar Recht, ma iwwer d'Manéier vun der Associatioun an iwwer d'Schäerft vun den Aussoe wier een am Ministère dach awer iwwerrascht. Ëmmerhi wier ee matten am Dialog mateneen, Léisunge wieren ebe schonn ausgeschafft an der ALEPS och bekannt. Net méi spéit ewéi e Freideg wier déi nächst gemeinsam Reunioun, esou nach de Lex Folscheid.
NB: D'Commentairen hei drënner sinn identesch mat deenen ënnert dem Artikel mam Invité vun der Redaktioun.