D'Lëschtennummere goufe gezunn
E Freideg de Moie kruten déi eenzel Parteien d'Nummere vun hire Lëschten.
D'Joséane Schroeder, Presidentin vum Stater Berzierksgeriicht huet e Freideg de Moien d'Lëschtennummere gezunn. Mat dësem Resultat:
An alle 4 Bezierker:
Lëscht 1 – PIRATEN
Lëscht 2 – déi gréng
Lëscht 3 – LSAP
Lëscht 4 – CSV – Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Lëscht 5 – KPL d’Kommunisten
Lëscht 6 – DP DEMOKRATESCH PARTEI
Lëscht 7 – ADR – Alternativ Demokratesch Reformpartei
Lëscht 8 – déi Lénk
Am Zentrum kënnt derbäi:
Lëscht 9 – Demokratie
Wat de Süden ugeet, do gouf et e separaten Tirage tëscht deene Parteien, déi net an alle Bezierker untrieden - mat dësem Resultat:
Lëscht 9 – Demokratie
Lëscht 10 – Déi Konservativ
Déi meeschte Vertrieder vun de Parteie wollten der Auslousung keng allze grouss Bedeitung ginn, et géif méi op den Inhalt vum Walprogramm an op d'Kandidaten ukommen, sou och de Claude Lamberty, Generalsekretär vun der DP.
D'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding hofft, dass d'Nummer 3 hirer Partei Gléck wäert bréngen.