Global Krisen - "D'Gesetz vun der Muecht huet d'Muecht vum Gesetz ersat"
E Samschdeg de Mëtteg war de laangjärege Lëtzebuerger Ausseminister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"Dat ass déi Welt an där mir liewen. Mer däerfen do d'Läpper net hänke loossen, mee mer mussen hir riicht an d'A kucken. Et ass eng Welt, mat där mir mussen eens ginn", domat kuckt de fréieren Ausseminister Jean Asselborn op d'geopolitesch Aktualitéit. Hie wier frou, dass den US-President Trump de Friddensnobelpräis net kritt huet.
Gaza: Ouni Zwee-Staate-Léisung "keng Rou"
Beim Sujet Gaza vertrëtt de Jean Asselborn eng ganz kloer Meenung: "Mir mussen, och wann dat en ofgedréchent Wuert ass, op déi Zwou-Staate-Léisung kommen. Dat heescht Israel huet d'Recht, selbstverständlech a Fridden an a Sécherheet ze liewen. D'Existenzrecht vun Israel gëtt net ugegraff. Mee dernieft muss et och e Staat ginn, wou Palästinenser kënnen a Würd liewen. An dat, dee Staat, dat ass Gaza, et ass Ost-Jerusalem an et ass West Bank."
Elo wier et un der UNO, eng Phas anzelauden, fir eng Léisung ouni d'Hamas. De fréieren Ausseminister huet och betount, et misst een differenzéieren tëscht dem Existenzrecht vun Israel an der Regierung vum israeelesche Premier Netanjahu: Kritik un där Regierung an un der Tatsaach, dass israeelesch Siidler am Westjordanland Palästinenser verdreiwen, wier net automatesch Antisemitismus.
Et misst een dem Trump trotz allem ze gutt halen, dass et em gelonge wier, Drock op Israel opzebauen: "A genee deen 20-Punkte-Plang, deen hëlt ganz vill vun deem, wat dann d'Leit aus dem Golf dem Trump gesot hunn. A glécklecherweis, en huet dat nogelauschtert an dat huet e gemaach. Also wann en eppes richteg mécht, ech mengen dat muss ee soen, an dat huet e richteg gemaach. Ech fannen och, dass dat déi allerwichtegst Reunioun war dëst Joer zu New York, dass eeben d'Golflänner, déi den Trump do an e Sall kritt huet, wou se him gesot hunn, wat déi eenzeg Méiglechkeet ass".
Ukrain: "Kee Liicht um Enn vum Tunnel"
Mat Bléck op den Ukrainkrich hofft de Jean Asselborn, dass deen duerch den Asaz vun Tomahawk-Laangstrecke-Rakéiten net virun eskaléiert, ma och hei wier den eenzegen, dee vermëttele kéint, nach ëmmer den US-President Trump. Bis dato wier awer nach kee Liicht um Enn vum Tunnel.
D'EU wier net opgestallt ginn, fir Kricher ze stoppen. Et wier awer falsch, ze behaapten, dass d'EU näischt fir d'Ukrain gemaach hätt, ëmmerhi wieren 185 Milliarden un Hëllefsgelder un d'Ukrain gaangen, ausserdeem ass jo en EU-Bäitrëtt vun der Ukrain am Gespréich, an dat wier en Hoffnungsschimmer fir d'Land, well en Nato-Bäitrëtt an den nächsten 10 Joer éischter onwarscheinlech wier.
Frankräich: Instabilitéit problematesch fir d'EU
Déi politesch Instabilitéit a Frankräich wier problematesch fir déi ganz EU. D'Fransouse misste kucken, do erauszekommen: "Frankräich ass déi zweetstäerkst Ekonomie och wat den Euro ugeet. Frankräich huet 3.400 Milliarde Schold. Déi Schold, also de Präis fir d'Schold erëmzebezuelen, doduerch dass d'Zënsen eropgaange sinn, gëtt ëmmer méi grouss. An dee Chaos, deen do besteet, do profitéiert just een dervun. Dat ass de Rassemblement national. An de Rassemblement national, dee riskéiert, wann dat doten esou weidergeet, eng grouss Chance ze hunn, fir 2027 oder scho vläicht virdrun de President ze stellen."
Wann de Rassemblement national un d'Muecht kéim, wier dat d'Enn vun der EU, wéi ee se bis elo kannt hätt, well dann d'Zesummenaarbecht tëscht Däitschland a Frankräich hifälleg géif. Elo kéim et drop un, dass ee sech eens gëtt iwwer e Budget. De fréieren Ausseminister schätzt d'Chance grouss an, dass et zu enger Motion de censure kënnt, wann d'Pensiounsreform net gestoppt gëtt. Da wier den Drock op de President Macron grouss, fir ze demissionéieren.
USA: MAGA géif Demokratie zerstéieren
"Dat ass Mëttelalter", constatéiert de fréieren LSAP-Politiker mat Bléck op déi amerikanesch Douanestaxen vis-à-vis vu Brasilien. Déi hat den Trump annoncéiert, nodeems de fréiere brasilianesche President Bolsonaro wéinst engem Coup d'état viru Geriicht geholl ginn ass. Den Trump hat dat als "Hexejuegd" bezeechent. Generell wier den Egoismus vun der MAGA-Philosophie schwéier ze erdroen. Wéi een op déi annoncéiert Taxen als EU reagéiere sollt, wier en Ofweien dovun, wéi wäit ee wéilt goen. Dat misst d'Kommissioun decidéieren.
Dass den Trump sech innepolitesch iwwer Geriichtsurteeler ewechsetzt, mécht dem Jean Asselborn Suergen: "Amerika ass déi eelsten Demokratie vun der Welt. 1787, Philadelphia, déi eelsten. A si sinn amgaangen, den Trump, also déi MAGA-Männercher a -Fraen d'amerikanesch Rechtsstaatlechkeet ze zerstéieren. A wann déi zerstéiert gëtt an Amerika, da wësst Dir jo, wéi dat dann eriwwer flippt an Europa".
Ma och weltwäit hätt et nach ni esou wéineg Demokratie gi wéi elo: "D'Muecht vum Gesetz ass ersat ginn duerch d'Gesetz vun der Muecht".
Biographie: Flüchtlingskris "gréissten Erausfuerderung"
40 Joer an der Politik, dat huet natierlech och d'Familljeliewe beaflosst, constatéiert de Jean Asselborn mat Bléck op seng Biographie, déi vum Journalist Michel Merten geschriwwe gouf. "Et muss ee wëssen, dass wann ee Politiker ass, da bestëmmt ee jo net d'Agenda. Da komme jo d'Saachen op een zou. Dann, doheem, d'Familljeliewe leit dorënner".
Seng gréissten Erausfuerderung wier d'Flüchtlingskris gewiescht. Natierlech kéint ee vill kritiséieren, mee op hien et dee Moment anescht gemaach hätt, wéisst hien net. "Ech hunn natierlech och versot, dat soen ech, ech hunn et schonn eng Kéier gesot, wat hei d'Refugiésstrukturen ugeet, well ech net genuch insistéiert hunn, dass mer méi Strukture brauchen". Aus haiteger Siicht hätt de fréieren Ausseminister eegener Ausso no do méi Drock opgebaut.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.