Mat pedagogescher Interaktivitéit géint d'Vergiessen
Zanter 1956 erzielt de Musée zu Esch d’Geschicht vun de Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich an vun der däitscher Besatzung. D'lescht Joer gouf e renovéiert.
Eng Beeprothees huet engem Lëtzebuerger et erlaabt, mobil ze bleiwen. Gebaut gouf se vu Kolleegen aus der Haft, déi an Ateliere Material geklaut haten. Dës Prothees ass ee vu Ronn 6.000 Objeten aus dem „Musée National de la Résistance et des Droits Humains“, dee mat senger Ausstellung un d‘Resistenz am Zweete Weltkrich erënnert. Entstanen ass de Musée duerch eng Initiativ vun der Escher Sektioun vun der LPPD, der "Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés Politiques".
D‘Kollektioun vum Musée gëtt zanter 1956 opgebaut, mat d‘Objeten, déi an éischter Linn vu Resistenzler stamen, déi a KZ‘er waren. No an no ass d‘Sammlung dunn duerch Done vu Privatleit gewuess. Et wier den eenzege Musée zu Lëtzebuerg, deen eng komplett Duerstellung vun der däitscher Besatzungszäit zu Lëtzebuerg liwwert, seet de Jérôme Courtoy, Historiker a Pedagog am Musée.
„Et ass een aktive Musée, e bëssi am Prinzip vun „Entdecken & Verstehen“. Et ass ëmmer eppes wou een dann een Tirang kann opmaachen, wou een iwwer Bildschiermer déi interaktiv Biographien, wou een da ka kucken. Awer och wou Zäitzeien och nach eng Kéier zu Wuert kommen, ënnert anerem duerch QR Coden, wou mir dann zu all Kapitel wou mir hunn, en entspriechend Zitat ze héieren ass.“
Dem Musée ass och de pedagogesche Volet ganz wichteg, fir virun allem Kanner a Jugendlecher unzeschwätzen, esou d‘Charlotte Pinon, Pedagogin an Historikerin aus dem Musée.
„Da si mir grad amgaang Atelieren z‘entwéckelen, wou et och do nees méi spezifesch drëms geet, wat ass Resistenz, wéi eng Acteure gouf et hei zu Lëtzebuerg. An och wa mir iwwer Mënscherechter schwätzen, do gi mir och wierklech op den Alldag vun de Schüler an. Wat ass dat? Wat si Mënscherechter? A wat huet dat mat mir ze dinn? A wéi kann ech mech fir anerer engagéieren. Also ganz kloer schwätze mir hei och den Zivilcourage un.“
De Musée huet ënnert anerem och eng Datebank mat Biographië vun de Resistenzler. Hiert Ziel ass et, mat Hëllef vum sougenannten „Crowdsourcing“, bei deem d‘Bierger selwer Material a Wësse bäidroe kënnen, d‘Liewensgeschichte vun de Ronn 4.000 Fraen a Männer aus der Resistenz ze sammelen.