No Aussoe vum Fernand KartheiserClaude Meisch: "Weder natierlech nach onnatierlech ... Et gëtt just Familljen"

Déi lescht parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser suergt jo den Ament fir vill Kritik wéinst dem homophoben Ënnertoun.

"All Mënsche gi fräi gebuer, mat gläicher Dignitéit a mat deene selwechte Rechter". Mat dëse Wieder aus dem Artikel 1 vun der allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter, äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch also op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.



"Natierlech" Familljen
Den Oppositiounspolitiker hat virun e puer Deeg d'Fro opgeworf, ob et wierklech néideg ass, dass Kanner Theaterstécker iwwer Homosexualitéit misste kucke goen. An dësem Fall goung et méi konkret ëm dat däitscht Stéck "Ein Känguru wie Du", dat d'Kanner am Cycle 4.2 deemno dem 6. Schouljoer kucke ginn.

"Ein Känguru wie du - Mit Herz und Hirn gegen Vorurteile" an der Abtei Neimënster.




Weider war et d'Fro un den zoustännege Minister, ob et dann och virgesi wär, fir Theaterstécker iwwer heterosexuell, traditionell an "natierlech" Familljen kucken ze goen.

PDF: Question N° 0070 (Question écrite) de Monsieur Fernand Kartheiser, Député concernant Pièce de théâtre 'Ein Känguru wie Du'".

De Claude Meisch weist a senger Äntwert drop hin, dass den universelle Prinzip him et géif verbidden, eng Bewäertung ofzeginn, wat eng normal oder natierlech Aart a Weis ass, fir zesummenzeliewen. Aus dem Grond géif hie sech an der moralescher a politescher Incapacitéit gesinn, fir op dës Fro ze äntweren.

Weider präziséiert den Educatiounsminister, dass et d'Aufgab vun der Bildung ass, fir de Kanner a Jugendlechen déi fundamental Wäerter vu géigesäitegem Respekt an Toleranz ze vermëttelen. Hie wier deemno houfreg op den Artikel 3 am Gesetz iwwert d'Obligatioune vun der Schoul, an zwar de Schüler déi ethesch Valeuren an de Respekt vun der Egalitéit tëscht Meedercher a Jongen mat op de Wee ze ginn. An de Kontext géif sech och de Projet "Ein Känguruh wie du" reien. Et géif drëms goen Viruerteeler, Klischeeën, Intoleranz an Ausgrenzung ze bekämpfen.

De Claude Meisch huet seng Äntwert op dës parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten och op Twitter gedeelt an dobäi geschriwwen, dass all Mënsche gläich sinn, deemno och all Familljen. Et ka weder eng natierlech nach eng onnatierlech Famill ginn. Et gëtt just Familljen, sou den Educatiounsminister.




"Bei eis an der Partei sinn d'Deputéiert fräi, déi parlamentaresch Froen ze stellen, déi se wëllen
"De Contenu muss och net mat der Parteileedung ofgeschwat ginn. Et gëtt keng Zensur"
, dat seet de Parteipresident vun der adr, de Jean Schoos, als Reaktioun op d'Fro vum Fernand Kartheiser iwwert d'Theaterstéck fir Kanner.

D'Froe vum Oppositiounspolitiker haten déi lescht Deeg an der Ëffentlechkeet fir Reaktioune gesuergt. Dem Jean Schoos no huet ee bei der adr selwer nach keng Echoen dozou kritt. Weder där enger, nach där anerer.

En Dënschdeg soll d'Question parlementaire awer e "klenge Sujet" an de Parteigremie sinn. De Jean Schoos huet eis op Nofro hin erkläert, datt en Deputéierten seng Fro eleng formuléiert- et sief, se ass politesch besonnesch kriddeleg oder e brauch Zousazinfoen- an domadder och d'Verantwortung duerfir dreet.

An dësem präzise Fall hätt de Fernand Kartheiser him géintiwwer just erwäänt, datt hien eng parlamentaresch Fro iwwert d'Theaterstéck géif stellen. Hie selwer kéint zum Sujet zu dësem Ament awer näischt soen, well e weder d'Fro gelies, nach d'Stéck gesinn hätt.

Corinne Cahen kritiséiert Aussoe vum Fernand Kartheiser
"Manipulatioun", "propagandistesch Erzéiungsmoossnamen" a "bewosst Lenke vum Wieler". Wann een dës Aussoe vum ADR-Politiker Fernand Kartheiser aus enger parlamentarescher Fro liest, dann denkt een un diktatoresch Zoustänn oder autokratesch Regimmer.

Am Fong schwätzt den Deputéierten awer iwwer den Clae, de "Comité de Liaison des Associations d'Etrangers", den dem Olai dem "Office Luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration" ënnersteet.

De Fernand Kartheiser gesäit wuel an dem Comité - dee sech fir eng gutt Integratioun vun de verschiddene Kulturen hei am Land asetzt - eng Gefor fir eis Demokratie.

Cahen vs. Kartheiser/Reportage Annick Goerens

Den ADR-Deputéierten ënnerstellt dem Clae, dass si d'Wieler wéilte manipuléieren a lenken a bezitt sech dobäi op d'Fuerderungen, déi de Comité an engem "Memorandum un de Formateur", also de Xavier Bettel adresséiert haten.

E Beispill: de Clae fënnt, dass Lëtzebuerg als schlechte Schüler do steet mat nëmmen 12 gewielte Fraen a proposéiert, dass e Seminaire ënnert der Tutelle vum Chancëgläichheetsministère kéint organiséiert ginn, fir op dës grouss Anomalie opmierksam ze maachen. Dorausser interpretéiert de Politiker, dass de Clae dem Wieler seng Denkaart an eng ganz bestëmmte Richtung wéilt veränneren, esou dass de Wieler méi Frae wiele soll. De Fernand Kartheiser fäert d'Diskriminatioun vu Männer an der Politik.

D'Familljeministesch Corinne Cahen fënnt awer dofir ganz kloer a staark Wierder an hirer Äntwert un de rietskonservative Politiker. Et wier "e staarkt Stéck" opgrond vun dësen Aussoe vun engem "bewosste Lenke vum Wieler", respektiv "Erzéiung oder Ëmerzéiung" oder vun "Manipulatioun" ze schwätzen. Déi liberal Politikerin ass iwwerdeems iwwerrascht iwwer d'Form an de Contenu vun de Froen, déi net fërderlech wäre fir e konstruktiven, politeschen Dialog.

De Politiker géing Saache suggeréieren, déi net an den Aussoe vum Clae erëmzefanne wären. "Et gi suggestiv Froe gestalt an e Vocabulaire dobäi benotzt, deen ech inakzeptabel fannen“. Dofir goufen zwou Froen och carrement net vun der Ministesch beäntwert, d'Grondlag hätt gefeelt.

Ausserdeem huet sech d'Corinne Cahen fir d'Meenungsfräiheet ausgeschwat, well wann et elo sou wär, dass jidderengem de finanzielle Support fortgeholl gëtt, deem seng Meenung eis net gefält, da wäre mer an der donkelster Zäit vun eiser Geschicht ukomm.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.