Den Internetris Amazon wëll weltwäit eng 30.000 Aarbechtsplazen ofbauen an dovunner soll och de Site zu Lëtzebuerg betraff sinn.

Vun de 4.000 Salariéen am Grand-Duché sollen RTL-Informatiounen no eng 100 hir Aarbechtsplaz verléieren. Um Bord vun de Bipartitte mat Gewerkschaften a Patronat iwwer d'Reorganisatioun vun der Aarbechtszäit, sot den Aarbechtsminister Georges Mischo, hien hätt och just aus de Medien dovunner héieren. Fir de Fall, datt dat stëmme sollt, wier een awer prett:

"Da musse mer kucken, datt mer sou séier wéi méiglech reagéieren. Mir hu jo ëmmer Mesuren, déi mer duerch d'Adem kënnen ulafe loossen. Mir kënnen natierlech och direkt mat Leit a Kontakt kommen, fir datt d'Salariéë vun der Adem Reunioune kënnen organiséiert kréien, wou se d'Mesuren alleguerten erkläert kréien. Dat hu mer och an engem Fall wéi Liberty Steel gemaach, zum Beispill direkt wéi d'Ekippen zesummegetrommelt gi sinn, mat Hëllef vun den Delegatiounen, mat Hëllef vun de Gewerkschaften, fir datt mer d'Salariéë sou séier wéi méiglech opfänke kënnen, fir datt mer se kënnen un aner Entreprisë weidervermëttelen."

De Georges Mischo iwwer e méigleche Plazenofbau bei Amazon

De Georges Mischo geet dovunner aus, datt hien an deenen nächsten Deeg ee Bréif vun Amazon kritt, an deem d'Entloossunge confirméiert ginn. RTL-Informatiounen no ass e Mëttwochmoien eng Reunioun tëscht der Personaldelegatioun an der Direktioun.