Méi wéi 4 Stonne souz d'Regierung um Dënschdeg am Ganze mat de Gewerkschaften an dem Patronat zesummen.

An éischter Linn, fir iwwer de Plan d'organisation du travail an d'Periode de référence ze schwätzen. Well d'Gewerkschaften awer net méi an de Comité permanent du travail et de l'emploi komme wëllen, goufen zwou Bipartitten ofgehalen. Ma d'Resultat war zimmlech moer.

Bipartitten iwwert d'Organisatioun vun der Aarbechtszäit / Marc Hoscheid

Virun der Reunioun hu se sech beim OGBL an der CGFP nach éischter gutt gelaunt presentéiert, d'Delegatioun vum LCGB war zu deem Zäitpunkt schonn am Aarbechtsministère um Rousegäertchen. Géint 14 Auer huet d'Gespréich mam Aarbechtsminister Georges Mischo an dem Wirtschafts- a Mëttelstandsminister Lex Delles ugefaangen, knapp zwou Stonne méi spéit huet d'OGBL-Presidentin Nora Back sech liicht desillusionéiert gewisen.

"Haut ass näischt dobäi erauskomm, muss ech lo leider sou soen. Mir haten haut eng alleréischt Reunioun an d'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB huet hir Fuerderungen an Iddien op den Aarbechtszäite presentéiert, dat war et. Déi zwee Ministeren hunn eis nogelauschtert, dat war och ee konstruktiivt Gespréich, awer mir hu lo keng Äntwert kritt op dat, wat mir presentéiert hunn a mir hu lo och nach guer net héieren, wat d'Regierung wëlles huet, bei den Aarbechtszäiten ze maachen."

Den LCGB-President Patrick Dury huet ënnerstrach, datt ee keng Verschlechterunge fir déi schaffend Leit akzeptéiere wäert an am Géigendeel fir Verbesserungen, zum Beispill Aarbechtszäitverkierzungen oder méi Congé, kämpfe wäert.

Vu 16 bis no 18 Auer war et dunn un de Vertrieder vum Patronat, fir de Ministeren hir Iddien ze presentéieren. Den Oflaf war dee selwechten ewéi bei de Gewerkschaften. Dem UEL-President Michel Reckinger säi Resumé vun der Sëtzung war, soe mer Mol, eng Kéier eppes anescht.

"Mir sinn och fest dovunner iwwerzeegt, datt alles, wat mer hei diskutéiert hunn, keng Verschlechterunge sinn, et ass just anescht. Wann natierlech just ee Status Quo dat eenzegt ass, wat méiglech ass, a wa just nach méi méiglech ass, fir datt et zu engem Accord ka kommen, da wäerte mer keen Accord kréien. Et ass anescht an dat anescht ass dat, wat mer musse beschreiwen an dat anescht ass net fir deen een oder aneren, et ass just anescht, fir datt et besser funktionéiert."

Et konnt ee sech no deene méi wéi 4 Stonne Bipartitte schonn d'Fro stellen, firwat et iwwerhaapt néideg war, datt d'Gewerkschaften an d'Patronat der Regierung nach eng Kéier laang a breet hir Positiounen erklären, obwuel schonn an de Sozialronnen doriwwer geschwat gi war. Den Aarbechtsminister Georges Mischo:

"Ech mengen, datt mer net alles wossten, mee datt nach aner Iwwerleeunge bei deenen zwee Partner mat erakomm sinn. Et ass déi aktuell Positioun, déi ech haut vun deenen zwee Partner wollt héieren. An datt déi och am Procès verbal festgehale ginn, datt och jiddereen herno weess, wat en do zum Beschte ginn huet, an datt mer dorobber kënne schaffen. Wat virdru war, dat war virdrun, mir wëlle gären no vir kommen, et ass lo dat, wat zielt a wëlle mer drop opbauen."

Sou kann ee festhalen, datt um Enn all d'Säite frou waren, datt iwwerhaapt matenee geschwat gëtt. An dowéinst wëllt een dann och net ze laang waarden, bis ee sech erëmgesäit, déi nächst Bipartitte sinn nämlech den 19. November.

Dat nächst Joer wëllen d'Sozialpartner sech dann nach zwee Mol treffen, fir datt am Mäerz oder Abrëll e Resultat ka presentéiert ginn.