Kartheiser wéinst Positioun a Srel-Kontrollkommissioun an der Kritik

Verschidde Parteie gesinn d'Positioun vum fréieren Duebelagent an der Geheimdéngschtkontrollkommissioun als problematesch un.
De fréieren Duebelagent Fernand Kartheiser setzt déi nächst 40 Méint fir d'ADR an der Geheimdéngschtkontrollkommissioun, dono iwwerhëlt de Sven Clement fir d'Piraten.
D'Partei, déi jo mat der ADR an engem Groupe technique zesummeschafft, gesäit de Fernand Kartheiser als Vertrieder vun der Alternativ demokratescher Reformpartei an där Kommissioun als ganz problematesch.
Virop well de Fernand Kartheiser jo selwer seet, datt e fir Russland a fir d’USA spionéiert huet. Fir d’Pirate stellt sech do d’Fro, wéi vertrauensvoll déi Zesummenaarbecht ka sinn.
Mir hu bei anere Parteien nogefrot an et héiert een, datt et e generelle Malaise an dëser Saach gëtt.
D'Texter goufen iwwerpréift, dobäi huet sech awer eraus gestallt, datt et keng Base légale gëtt, fir de Fernand Kartheiser aus der Geheimdéngschtkontrollkommissioun auszeschléissen.