Den trageschen Incident ass um Dënschdeg de Moie géint 8.30 Auer geschitt. Eng Enquête leeft.

RTL-Informatiounen no huet sech déi jonk Polizistin op hirer Aarbecht zu Réimech ëmbruecht. D'Police confirméiert um Dënschdeg de Mëtteg, datt géint 8.30 Auer eng jonk Polizistin op eng tragesch Manéier op hirer Aarbechtsplaz ëm d'Liewe koum a präziséiert, datt eng Enquête leeft, fir déi genee Ëmstänn vum Doud ze klären.

RTL

© Jeannot Meyers/RTL