Dräi Asätz wéinst Feier, respektiv Dampentwécklung
© Alexandre Benavente Martingil
Zu Bäreldeng, Ettelbréck a Bouneweg goufen et um Freideg de Mëtteg Pompjeesasätz wéinst Bränn oder Dampentwécklungen.
Um 12.38 Auer goufen d'Pompjeeë vu Steesel op en Asaz op Bäreldeng an d'Lëtzebuerger Strooss geruff, well hei Damp aus enger Garage komm ass.
Géint 14.15 Auer gouf e Kichebrand zu Ettelbréck an der Rue des Vergers gemellt. D'Pompjeeën Nordstad a Colmer-Bierg waren op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz.
Géint 16.10 Auer dann huet et aus engem Appartement zu Bouneweg gedämpt, dat op der Place Leon XIII. D'Pompjeeë vun Hesper goufe vun hire Kolleegen aus der Stad ënnerstëtzt. Vun der Plaz war et d'Ausso vun enger Zeien, dass eng Friteuse explodéiert wier.
















An alle Fäll blouf et beim Materialschued.