E Freideg de Moie kuerz no 11 Auer gouf zu Wilwerdang bei Wäiswampech eng Persoun vun engem Camion ugestouss.

Wéi de CGDIS schreift, goufen zwou Persoune verwonnt.

Am Asaz war nieft dem Rettungshelikopter och den Ettelbrécker SAMU, Ambulanze vun Ëlwen a Clierf, grad ewéi Pompjeeë vun Ëlwen a Clierf.

Kuerz no 13.30 Auer gouf zu Mamer op der Areler Strooss en Persoun op hirem e-Scooter ugestouss. D'Rettungsservicer vu Mamer waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.