Egal ob Sushi, Burger oder Pasta. Jiddereen huet seng eege Meenung, wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.

Den Hamburger. Déi ongeschloen Ikon ënnert der grousser Mass u Fast-Food-Snacks, déi ee mëttlerweil offréiert kritt. Sief et aus dem Drive-In, bei engem Duerffest, engem Sportevent niewent Mettwurscht an Thüri... pardon, Grillwurscht, oder einfach doheem am Gaart um Grill: De Burger huet viru ville Jore schonn de Wee an eis Iess-Kultur fonnt an ass praktesch iwwerall op der Welt, bei Jonk an Al bekannt, beléift an net méi ewech ze denken. Séier gemaach, einfach a lecker.

Ma fir den Hamburger e wéineg ofwäertend "just" als Fast-Food ze bezeechnen, géif dësem Klassiker awer net gerecht ginn. Mëttlerweil huet dësen an der Restauratioun, jo souguer an der héijer Gastronomie seng Plaz fonnt. Et ass haut dës Daags méi, wéi "just" e Stéck Gehacktes tëscht 2 Stécker Bréitchen, e schnelle Snack. Et huet sech mat de Joren eng richteg Kultur ëm den Hamburger entwéckelt, déi sou divers ass, wéi d'Äntwerten op d'Fro, wou en iwwerhaapt hierkënnt? Wer hat's erfunden?

Hannert dem Burger stécht eng laang Geschicht, dat schéngt relativ kloer ze sinn. Manner kloer gëtt et dann awer, wann een den Ursprong vum Hamburger wëll gewuer ginn. Méiglech Gebuertsdatumer vum Burger schwanken, ma en dierft ëm dat fréit 19. Joerhonnert eng éischte Kéier opgedaucht sinn. Wou en awer elo genee hier kënnt, wat also seng Originne sinn, doriwwer gëtt sech bis haut gestridden.

Sécher schéngt, dass de Begrëff net vum engleschen "ham" also Ham kënnt, ma soll vill méi vum Begrëff "hamburger steak" ofgeleet sinn, also gebrodent Gehacktes. Awanderer aus Hamburg an den USA sollen dëst Rezept aus Däitschland matbruecht hunn. Aner Theorien ginn dovunner aus, dass d'Bezeechnung 1885 op enger Kiermes bei der US-Stad "Hamburg" entstane wier, nach anerer gesinn den Ursprong an engem amerikanesche Kachbuch aus dem Joer 1842, wou de Plat als "Steak no Hamburger Aart" bezeechent. Et solle souguer nach méi al Kachbicher ginn, an deenen den Hamburger schonn sou änlech, wéi mer en haut kennen, ze fannen ass.

Sou oder sou, de Burger huet sech an de Joerzéngten vun engem einfachen a praktesche Snack, zu engem reegelrechten internationalen Erfolleg entwéckelt. Net nëmmen ass de Burger weltbekannt, ma et gëtt mëttlerweil och all denkbar Variatioun, Kombinatioun a Qualitéit dovunner. Op mat Zalot, Tomaten, enger Kornischong, mat Kéis, engem Ee, enger gudder Zooss, Chilli, Rösti, oder als Chickenburger, Fëschburger, oder an der vegetarescher, respektiv veganer Variant...Dir gesitt, d'Méiglechkeete sinn enorm, et kéint ee quasi ouni Enn sou weiderfueren.

Der Kreativitéit si bei dësem Plat keng Grenze gesat a genee dat dierft et sinn, wat den Hamburger sou zougänglech a populär bei der Mass vu Leit mécht. De Burger adaptéiert sech dem Goût an de verschiddene Kulture vun de Leit un, et ass quasi e gastronomescht Chameleon.

Mir sinn éierlech, seele gouf e Plat sou dacks gefrot fir Kandidat bei der Ëmfro vum RTL-Readers' Choice ze ginn, wéi dësen absolutte Kult-Klassiker. Ma léiwer spéit wéi ni: Mir sichen dann elo dës Kéier de beschte Burger am Land. Ob beim Foodtruck, am Bistro, am Restaurant oder soss enzwousch, wou een ausser Haus e gudden Hamburger kritt. Verrot eis wien den ongekréinte Kinnek am Burger-Game zu Lëtzebuerg ass. Egal op mat Fleesch oder ouni Fleesch, sou laang een e gudde Burger do kritt, kann een dëst als Virschlag uginn.
Elo sidd dir nees gefrot! Dir kennt DÉI Adress am Land, op där een ärer Meenung no dee beschte Burger kritt?

Loosst eis onbedéngt Äre Kandidat wëssen a katapultéiert är Favoritte-Plaz un d'Spëtzt vun eiser aktueller "Burger-Editioun" vum RTL-Readers' Choice!

Maacht elo bei eiser Ëmfro mat, all Stëmm zielt!

Verrot eis, wou Dir am léifsten Burger auswäerts iesse gitt! Maacht einfach drënner bei eisem Vott mat, Är Meenung ass nees gefrot! De Gewënner gëtt natierlech déi Plaz, déi vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers' Choice-Auszeechnung fir de bescht Burger zu Lëtzebuerg freeën.

All d'Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.