Nei Tourism Academy bitt Formatiounen un
© Domingos Oliveira - rtl.lu
Iwwert eng nei, zentraliséiert an digital Plattform gi Formatiounen ugebueden, fir sech zum Guide fir Lëtzebuerg ausbilden ze loossen.
Et ass eng Formatioun, déi zum Deel digital ass an an där een all dat Basiswësse kritt, dat een als Guide zu Lëtzebuerg brauch, seet den Tourismusminister Lex Delles.
"Mir hunn eng zentraliséiert digital Formatiounsplattform op d'Bee gestallt, déi heescht Tourism Academy, also eng Akademie, déi mer eeben en place gesat hunn, fir de Guidë kënnen déi Formatioun unzebidden. A mir kucken och an Zukunft eeben, nieft de Guideformatiounen, och nach aner Formatioune kënnen drop unzebidden."
Déi zukünfteg Guidë léieren an der Formatioun dat, wat se fir hir Aarbecht brauchen. Zum Beispill iwwert d'Geographie, d'Geologie, d'Geschicht, d'Kultur an d'Ekonomie zu Lëtzebuerg. Mat auswenneg léieren ass et net gedoen.
"Dofir ass et interaktiv. Et ass net einfach nëmmen ech liese mech duerch an ech soen jo, ech hunn et gelies. Neen, et ass interaktiv, well Biller, Fotoen, Kaartematerial, Videomaterial, Quizzen drop sinn, fir eeben och do dann de modernen Uspréch vun enger Formatioun vun haut kënne Rechnung ze droen. An et sinn awer och Dokumenter dobäi, déi ee kann eroflueden, fir wann een dann nach méi déif wëll an de Sujet eragoen, dass een och dat alles nach ënnert der Hand huet."
D'Formatioun, déi eng 25 Stonnen dauert, gëtt op Franséisch, Englesch, Däitsch a Lëtzebuergesch ugebueden an d'Lëtzebuerger Sprooch spillt iwweregens och eng wichteg Roll an der Ausbildung selwer.
Aschreiwe kann een sech vun elo un um Internetsite vum House of Training an d'Formatioun kascht 150 Euro.