E Freideg war zu Samarkand an Usbekistan déi 43 Generalversammlung vun der Unesco.

Bei dëser Geleeënheet goufen déi nei Membere vum Exekutivkommitee vun der Organisatioun gewielt. Och Lëtzebuerg hat an deem Kontext seng Kandidatur agereecht. Dës war dann och erfollegräich an de Grand-Duché gouf mat 165 Stëmmen an den Exekutivcomité gewielt.

D'Prioritéite vun der Lëtzebuerger Aarbecht am Kommitee sollen ënnert anerem Educatioun, Kultur, Kommunikatioun a Wëssenschaft sinn.

Et ass fir d'zweet, dass Lëtzebuerg Member vum Unesco-Exekutivkommitee ass. Dat éischt Mandat goung vun 2005 bis 2009.