Gewerkschafte kritiséieren Aarbechtsminister, Mann stierft op A1 a Supermound
© RTL Grafik
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
27 Joer ale Mann op der A1 vun Auto ugestouss an déidlech blesséiert
Um spéide Mëttwochowend huet d'Police en déidlechen Accident op der A1 a Richtung Stad gemellt, dat op Héicht vun der Opfaart Sennengerbierg.
E 27 Joer ale Mann war ze Fouss op der Autobunn ënnerwee an ass vun engem Auto ugestouss ginn. Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure verscheet. De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police domadder beoptraagt, d'Ursaach vum Accident erauszefannen. Och eng Autopsie gouf ordonéiert.
Beim Parquet huet et op RTL-Nofro hi geheescht, dass een zu de geneeën Ëmstänn vum Accident den Ament nach näischt kéint soen.
Sträit tëscht Aarbechtsminister a Gewerkschaften eskaléiert
De Sträit tëscht dem Aarbechtsminister Mischo an de Gewerkschaften ass dës Woch an déi nächst Ronn gaangen.
An engem Bréif vun OGBL an LCGB heescht et, de Minister wier falsch op sengem Posten. Hie géing säin Job net éierbar maachen a sech net adequat behuelen. Tëschent den Zeile verlaangen d'Gewerkschaften dann och Konsequenze vum Premier.
De Georges Mischo sot an enger éischter Reaktioun, dass de Bréif perséinlech an ënnert dem Rimm wier, ma hie wier net nodroend.
Mann mat Caddie am Norde vum Land ënnerwee
Déi lescht Deeg sinn op de soziale Medie Fotoe vun engem Mann zirkuléiert, dee mat engem Caddie am Heischtergronn op der N12 getrëppelt ass. Eng RTL-Ekipp huet de Mann um Dënschdegmoien zu Wolz begéint, hie wollt awer net mam Journalist schwätzen.
Viru Kuerzem konnt eng Policepatrull de Mann unhalen a kontrolléieren. De Pressebüro huet matgedeelt, dass et sech ëm eng Persoun handelt, déi op der Strooss lieft a kee feste Wunnsëtz huet. D'Beamten hätten doropshi Kontakt mat enger Hëllefsorganisatioun opgeholl, fir dass de Mann ka gehollef kréien. Déi war um Dënschdegmoien zu Wolz, konnt de Mann awer net méi untreffen.
Supermound iwwer Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg war de Vollmound besonnesch gutt um Lëtzebuerger Nuetshimmel ze gesinn. Déi flottste Fotoe vum sougenannte Supermound, fannt dir hei.
Zeienopruff no Déifstall vu Posch op enger Dammentoilette
De 5. Juli 2025 géint 15 Auer gouf an engem Akafszenter um Boulevard F.W. Raiffeisen zu Gaasperech op der Dammentoilette eng Posch geklaut. An deem Kontext huet d'Police dës Woch en Zeienopruff lancéiert. Gesicht gëtt no Informatiounen iwwer d'Fra op dëser Foto.
Fréiere Chef vum Fonds du Logement gestuerwen
Den Daniel Miltgen ass e Méindeg am Alter vun 68 Joer gestuerwen. Hie war vun 1992 bis 2015 de Chef vum Fonds du Logement, engem vun den zwee nationalen ëffentleche Bauträger.
Den Ingenieur-Urbanist war och Premier Conseiller am Logementsministère. 2015 gouf hie vun der deemoleger DP-Logementsministesch Maggy Nagel ofgesat, well sech béid net eens gi sinn. Hie krut schlecht Gestioun virgeworf, wat a sengen Aen awer duerch e Rapport widderluecht gi wier.
Eng Instruktioun am Zesummenhang mat engem Immobilie-Projet gouf mat engem non-lieu klasséiert.
De Grand-Duc Henri ass an Ägypten gereest
De fréiere Lëtzebuerger Staatschef ass op Invitatioun vum President Abdel Fatah El-Sisi an Ägypten gereest. Hei huet de Grand-Duc Henri un der Inauguratioun vum Grand Egyptian Museum deelgeholl. Hie gouf vum Lëtzebuerger Regierungschef Luc Frieden begleet. Nieft dem Lëtzebuerger Premier an dem fréiere Staatschef, waren ënner anerem d'Premierministere vun der Belsch an Holland bei der Inauguratiounszeremonie vum Musée present.
Iwwer 100 Immobilienagencë wiere sech mat Bréif géint d'Plattform atHome
Vertrieder vu ronn 120 Immobilienagencen hunn dës Woch e Bréif un d'Immobilie-Plattform atHome ënnerschriwwen. An dëser gëtt d'Plattform opgefuerdert a Saache Präisdifferenze méi transparent ze agéieren. D'Agencen hu sech schonn zanter méi laangem onzefridde mat der Präispolitik vun atHome gewisen. Ma déi lescht Präishausse hätt d'Faass zum Iwwerlafe bruecht. D'Hausse soll bei ronn "30 Prozent" leien an dat op engem Marché, deen iwwer déi lescht zwee Joer schonn zimmlech ugespaant wier.