Aleba seet, dass Télétravail méiglecherweis duebel besteiert gouf
© Christin Hume / Unsplash
Laut der Bankegewerkschaft géif de Probleem d’Beschäftegt vu Lëtzebuerger Filiale vun däitsche Betriber betreffen.
D’Bankegewerkschaft Aleba mécht drop opmierksam, datt däitsch Grenzpendler méiglecherweis am Télétravail duebelt besteiert goufen. De Probleem géif doduerch entstoen, datt den däitschen Fisk déi an Däitschland geschaffte Stonnen besteiert an de Montant, deen zu Lëtzebuerg fir déi nämmlecht Stonnen vun der Steier befreit gouf, dobäi rechent.
E Mëssel, dee drop zeréck ze feiere wier, datt wéinst den ënnerschiddleche Gesetzgebunge liicht ënnerschiddlech Montanten op den Attestations fiscales stinn, déi de Patron fir Däitschland a Lëtzebuerg ausstellt.
D’Aleba reit de Leit, deenen dëst geschitt ass, Oppositioun beim däitsche Fisk ze maachen. De Formulaire dofir stellt d’Gewerkschaft op hirem Site zur Verfügung.