Stackem (B)
P&R mat 10'000 Plaze fir Frontalieren

D'Stad Arel an déi belsch Bunn plangen e Park & Ride zu Stackem. Lëtzebuerg soll hëllefen.
All Dag kommen eng 40'000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen. De Minister François Bausch an de Staatssekretär Camille Gira haten en Donneschdeg eng Entrevue mam Areler Buergermeeschter.
De grousse Parking kéint op den aktuelle Site vun den Ateliere vun der belscher Bunn kommen. Déi kritt nämlech neier an deen Terrain gëtt da fräi.
Nieft dem Park & Ride waren och déi verschidden Zuch-Tariffer tëscht der Belsch a Lëtzebuerg e Sujet. D'Ticketen an der Belsch si méi deier an un en eenheetlechen, méi attraktive Tarifsystem, deen a béide Länner dee selwechten ass, gëtt geduecht.
VIDEO: E Park&Ride op Stackem
D'Stad Arel an déi belsch Bunn plangen e Park & Ride zu Stackem. Lëtzebuerg soll hëllefen.
Am meeschte gelies