De Bob Scholtes war rezent beim "Last Soul Ultra Marathon" dobäi – dat a méi fannt Dir an eisem Portrait vum Lëtzebuerger Extrem-Sportler.

De Stater Bob Scholtes, 22 Joer al, lieft fir den Extrem-Sport. Seng Leeschtungen deelt hie reegelméisseg mat senge Follower op de Soziale Medien. Hei ass de Sportler bekannt ënnert dem Numm Bobfitlx an huet ëm déi 10.000 Follower.

Et geet dorëm, ze weisen, dass een alles erreeche kann.

Dank senge Follower krut den Athlet eng Aluedung vun den Organisateure vum "Last Soul Ultra Marathon", an dat si keng aner wéi de Kim Gottwald an den däitsche Futtball-Weltmeeschter André Schürrle. Bei dësem Event sinn 100 Athleten an Athletinnen an d'Course geschéckt ginn.

Den Apel fält net wäit vum Bam, an esou ass et zimmlech kloer, dass de Bob Scholtes Sportwëssenschafte studéiert. De Lëtzebuerger Sportler setzt sech vill Ziler an nieft dem Ironman zu Frankfurt war seng Preparatioun op de Last Soul Ultra gutt gefëllt.

Nieft enger 100 Kilometer Simulatioun um Lafband huet de Sportler nach bei enger Bodybuilding-Show deelgeholl an ass do och Drëtte ginn. Beim Last Soul Ultra hat de Bob Scholtes sech een Zil gesat, an zwar, Deeg laang ze lafen.

Den 3. Oktober war et du souwäit: De Sportler a seng Ekipp sinn a Richtung Bonn gefuer fir eng Erfarung, déi si esou net vergiesse wäerten. De Prinzip vun dem Evenement ass simpel: all Stonn muss een Tour vu 6,7 Kilometer gelaf ginn. Wann een et zäitlech net packt, ass een aus der Course eraus. Gewanne mécht déi Persoun, déi als lescht nach an der Course ass.

No ronn néng Stonne Lafzäit ass och d'Nuecht an domat d'Däischtert komm, ab do huet et beim Bob Scholtes geheescht, op d'Zänn ze bäissen. No ronn 24 Stonnen an 150 Kilometer waren nach 10 Athleten an der Course – dorënner och de Lëtzebuerger.

Beim Abroch vun der zweeter Nuecht an domadder och dem Erreeche vun den 200 Kilometer ware beim Bob Scholtes awer d'Luuchten aus.

Eng 8. Plaz ass beim Last Soul Ultra Marathon erausgesprongen. Gewonnen huet de Kim Gottwald mat iwwer 440 Kilometer. De Bob Scholtes kann zefridden op seng Leeschtung zeréck kucken.

Elo kann ee gespaant sinn, op de Lëtzebuerger sech fir eng weider Editioun umelle wäert.