Protest e Méindeg: EU soll Ënnerstëtzung fir Israel stoppen

Foto vun engem GSF-Protest virum Ausseministère Ufank Oktober. / © RTL Archivbild
E Méindeg ass e weidere Protest géint de Krich a Gaza, dat parallel zum EU-Ausseministerrot, fir politesch Responsabilitéit anzefuerderen.
D'Solidaritéitsnetzwierker "Global Sumud Flotilla" (GSF) a "Global Movement to Gaza" (GMTG) hu fir e Méindeg e weidere Protest zu Lëtzebuerg annoncéiert. Ofgehale ginn, soll dëse parallel zur Reunioun vum EU-Ausseministerrot, mam Zil, politesch Responsabilitéit an en Enn vun der "europäescher Ënnerstëtzung" vun Israel ze fuerderen.
Israel gëtt an deem Zesummenhang virgeworf, "weiderhin internationaalt Recht ze verletzen an e Vëlkermord un der palästinensescher Populatioun auszeüben".
D'Aktioun geet um 8.30 Auer um Site vum EU-Ausseministerrot lass, wou d'Participante wëllen de Ministeren hir Messagen däitlech maachen. Dem Communiqué no wieren iwwert den Dag verdeelt weider Aktioune geplangt, ënnert anerem eng Ried vun der irescher Deputéierter Helen Mahony.
Zum Ofschloss wëlle GSF a GMTG hir Demande virstellen. Dozou gehéiert ënnert anerem, datt den EU-Israel-Associatiounsaccord soll suspendéiert ginn, all Waffenhandel mat Israel agestallt soll ginn an EU-Mëttel fir en "nohaltege Fridde" sollen agesat ginn.
An hirer Begrënnung schreiwen d'Organisateuren, den Accord géif e falscht Zeeche setzen.