Jonke Chauffer a Passagéier stierwe bei Accident zu Dippech

© Police
De jonke Chauffeur hat e Freideg den Owend géint 21.00 Auer op der Dräi-Kanton-Strooss d'Kontroll iwwert säi Won verluer a war géint e Bam gerannt.
Fir de Chauffeur an ee Passagéier koum all Hëllef ze spéit. Si sinn nach op der Plaz un hire schwéiere Blessure gestuerwen.
D'Jonge ware vun Héiweng a Sprénkeng. De jonken Automobilist hat eréischt 1 Dag de Führerschäin.
Déi traureg Nouvelle gouf eréischt um Samschdeg de Moie confirméiert.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Dippech a Betten, de Sauvetage an2 Ambulanze vu Mamer an eng vu Péiteng, d'Déngschtdoktere vun Esch an aus der Stad, souwéi de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police Judicaire an de Groupe de Support Psychologique.

© Domingos Oliveira/RTL
