Unerkennung vum Staat Palästina ass wichteg, "mä dat eleng geet net duer"
En Dënschdeg de Mëtteg huet den Ausseminister Xavier Bettel an der Chamber seng Deklaratioun iwwer d'Aussepolitik gemaach.
"Et gëtt ganz vill Instabilitéit op der Welt, net just an der Ukrain an am Noen Osten, mee och a villen anere Länner méi oder manner no u Lëtzebuerg," huet den Ausseminister Xavier Bettel en Dënschdeg de Mëtteg bei senger Deklaratioun iwwert d'Aussepolitik an der Chamber betount. "Et ass wichteg, datt d'Unerkennung vum Staat Palestina komm ass, mee dat eleng geet net duer. De Neiopbau ass extreem wichteg," sot den Ausseminister weider.
Den Noen Osten war natierlech ee vun de grousse Sujeten um Krautmaart an de Vizepremier huet annoncéiert, datt een op nationalem Niveau wéilt agéieren. Ënnert anerem den Import vu Produiten aus de Kolonië wéilt ee verbidden an eng juristesch Basis schafen, fir en nationaalt Areesverbuet géint Persoune wéi d'Ministere Smotrich a Ben Gvir kënnen ze deklaréieren. Donieft huet de Xavier Bettel och ënnerstrach, datt et wichteg wier, datt d'EU bei der Ëmsetzung vum Friddensplang involvéiert wier.
Wat d’Situatioun an der Ukrain ugeet, huet de Vizepremier ënnerstrach, datt ee fir e gerechten a richtege Fridden ass an et dofir och extreem wichteg wier ,datt d'Ukrain gestäerkt gëtt, fir Verhandlunge kënnen ze féieren. Et géif een d'Ukrain och nach weider ënnerstëtzen, finanziell wéi och militäresch
De Xavier Bettel ass awer och op eng ganz Partie aner Konflikter op der Welt agaangen, dorënner zum Beispill déi am Sudan, am Sahel oder an der Regioun vun de Grands Lacs.
Wat d’UNO betrëfft, huet den Ausseminister a senger Ried ënnerstrach, datt déi aktuell finanziell awer och politesch ënner Drock stéing. Dat wier och e Resultat vun der "America First-Politik". Wat de Sécherheetsrot vun der UNO betrëfft, kéint et a sengen Aen net sinn, datt ee Land déi ganz Welt par Rapport zu enger Decisioun blockéiere kéint . Dem Lëtzebuerger Ausseminister no misst eng Reform a puncto Vetorecht kommen.
Dem Ausseministère ënnersteet jo och zënter dëser Legislaturperiod den Aussenhandel: Lëtzebuerg wier eng vun den oppensten Ekonomië vun der Welt. Lëtzebuerg géif vill vum Bannemarché vun der EU profitéieren, ma och mat Nordamerika an Asien sinn d’Handelsrelatiounen enk, esou de Vizepremier. Fir d’Lëtzebuerger Entreprisë wier et wichteg, datt den EU-Bannemarché ouni Barrière weider stabil a gutt funktionéiert.
De Xavier Bettel well dofir och verstäerkt op déi wirtschaftlech Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland setzen: Mat neien Ambassaden a Südkorea an a Kanada soll net nëmmen den diplomatesche Reseau erweidert ginn, ma och d’Presenz vun de Luxembourg Trade and Investment Offices soll esou ausgebaut ginn.
De Xavier Bettel huet dann och annoncéiert, datt den neie Grand-Duc dat nächst Joer bei der Vollversammlung vun der UNO d’Ried fir Lëtzebuerg wäert halen.





