Joachim Gauck zu LëtzebuergLeschten Dag vun der Staatsvisite

Op Invitatioun vun der groussherzoglecher Koppel ass den däitsche President Joachim Gauck zesumme mat senger Liewenspartnerin Daniela Schadt am Land.

De Joachim Gauck ass den 11. President vun der Bundesrepublik, hie war am Mäerz 2012 vereedegt ginn.

Visite Bundespresident Gauck: Nico Graf (3.11., 18h30)



D'Presidentekoppel aus Däitschland ass um Méindeg de Moien um Findel ukomm.

Duerno da goufen de Joachim Gauck an d'Daniela Schadt vum Grand-Duc a vum Ierfgroussherzog um Parvis vum Palais empfaangen. Am Laf vum Dag stoungen ë.a. nach Entrevuë mam Chamberpresident, dem Premier an dem Ausseminister um Programm.

De Programm vun där Visite bis e Mëttwoch ass gutt gefëllt, mat Etappen a Gespréicher fir d'éischt am Palais an och mat Vertrieder vu Regierung a vu Chamber. Donieft geet et ë.a. och op Veianen an d'Schlass an op Schengen, wou d'Akkorde mam selwechten Numm ënnerschriwwe goufen.

Op der Seance an der Mairie um Méindeg huet de Joachim Gauck den Accent drop geluecht, wéi wichteg Toleranz an Zesummeliewen an Europa sinn – an datt dat an der Stad Lëtzebuerg ganz besonnesch gelieft géif gi mat hire villen Auslänner. Tëschent Deitschland a Lëtzebuerg giff et entretemps eng déif Frëndschaft ginn.

De Joachim Gauck



De Joachim Gauck sot weider, mat dem Fall vun der Berliner Mauer wieren Al-Europäer an Nei-Europäer erëm zesummekomm, déi elo un der demokratescher Zukunft vun Europa baue giffen.



De Programm vun en Dënschdeg war och nees ganz chargéiert. Ënnert anerem war et eng Visite vum Institut Pierre Werner, wou de Joachim Gauck eng Ried gehalen huet. Am spéide Moien war de Bundespresident dobäi wou eng nei Turbin bei der SEO zu Veianen ageweit gouf an de Joachim Gauck huet déi 13. däitsch-Lëtzebuerger Wirtschaftskonferenz vun der Chambre de Commerce opgemaach. En Dënschdeg den Owend war nach eng Rezeptioun.

Joachim Gauck, 2. Dag Staatsvisite/Reportage Nico Graf

Leschten Dag um Mëttwoch vun der Staatsvisite vum Joachim Gauck. Den däitsche Bundespresident besicht an deem Kader, ënnert anerem, den Däitsch-Lëtzebuergesche Schengen Lycée an d'Cité des Sciences op Esch-Belval.


Den Nico Graf war bei der Arrivée vum Joachim Gauck ... hei seng Impressiounen:

D'Wuecht vum Palais trëppelt stoesch hiren Tour – koppeg, well virun deem Zaldot steet jo kéipweis Militär a Militärmusek a Police, net ze vergiessen déi sëllechen Geheimpolizisten – esouguer uewen um Palais souz een. A mat gudden 10 Minutte Verspéidung komme se du beim Palais un, de Joachim Gauck a seng Liewensgefährtin Daniela Schadt. De Joachim Gauck huet jo e bëssen e verkniwwelt Gesiicht an dat Gesiicht kuckt ganz frëndlech an deen driibsege Lëtzebuerger Mueren iwwerdeems, anzwousch gëtt mat der Kanoun geschoss an déi zwee Lidder stoussen openeen, déi - mat e bësse schlechtem Wëllen – jo esou schlecht beienee passen.

Extrait Musek.


Ob et wuel ee gëtt an den offiziellen Delegatiounen, deen dem Fräiheetskämpfer aus der DDR dat mat der Fräiheetssonn iwwersetzt? Egal - nodeems de Joachim Gauck bal déi ganz Lëtzebuerger force armée gewise kritt hat, huet hien een nom aneren déi ganz Regierung begréisst an duerno d'Leit aus senger Ambassade.

An duerno d'Leit - an do hat deen ee Gebuertsdag an deen aneren e politescht Uleien.

Extrait Vollek.


Däitsch Dagespolitik virum Palais. De Joachim Gauck huet gelaacht an ass vum Grand-Duc an de Palais gefouert ginn – ah nee, esou séier goung dat net, well de Grand-Duc héritier Guillaume hat sech mat der Madame Daniela Schadt verpotert a krut eng extra Invitatioun vum Papp mat an de Palais ze goen. An esou koum et.

Den alleréischten Deel vun der Visite, hat een d'Impressioun, ass exzellent iwwer d'Bühn gaangen.

Gauck ante Palais: D'Impressioune vum Nico Graf am Audio.



© Max Theis


Gauck an der Kritik

An Däitschland steet de President dëser Deeg an der Kritik wéinst Aussoen, déi hien an der Sendung: „Bericht aus Berlin“ gemaach hat. Kuerz virum 25. Joresdag vum Fall vun der Mauer, huet de Joachim Gauck Bedenken ugemellt, datt an Thüringen méiglecherweis d'Lénkspartei hiren éischte Regierungschef, un der Spëtzt vun enger rout-rout-grénger Koalitioun, ka stellen. De Gauck huet erkläert, datt Leit, déi wéi hien d'DDR erlieft hunn, sech vill missten ustrengen, fir dat z'acceptéieren, et misst ee sech froen, wéi wäit d'Lénkspartei an Tëschenzäit vun den Ideeë vun hirer Virgängerpartei SED ewech wär.

Vertrieder vun der Lénkspartei mä och vun der SPD, an déi Gréng fannen, datt de President sech iwwerparteilech misst verhalen, wougéint den CSU-Generalsekretär, Versteesdemech gewisen huet: de President wier am Recht fir Debatten ze provozéieren, ze mol well vill Leit géifen denke wéi hien.

Déi Lëtzebuerger Lénk hunn um Méindeg op Nofro op déi rezent innepolitesch Aussoe vum däitsche Bundesprésident reagéiert. Et ass net serieux, wéi ee Staatschef seng Ängschten, Erfahrungen a politesch Meenungen a seng neutral Roll erabréngt, sou de Justin Turpel.

Extrait Justin Turpel (Déi Lénk)



© Max Theis


E kuerze Portrait

De Joachim Gauck ass am Januar 1940 zu Rostock, an der fréierer DDR op d'Welt komm. Hien huet Theologie studéiert an huet laang Joere als Paschtouer geschafft a stoung bis 1990 am Déngscht vun der evangelesch-lutherescher Kierch.

Schonn als jonke Mënsch huet de Joachim Gauck, sech géint d'Diktatur an der DDR agesat.

1989 war hien ee vun den Initiateure vum kierchlechen an ëffentleche Widderstand géint d'SED-Diktatur. Hien huet déi sougenannte Friddengebieder geleet, déi sengerzäit all Woch waren an aus deenen d'Protestdemonstratiounen entstane waren, déi zum Fall vun der Berliner Mauer gefouert hunn.

D'Joer drop, ass hien als Deputéierte vum Bündnis 90 an déi éischt fräi gewielte Volkskammer komm. Awer nëmme fir kuerz Zäit, well vum Hierscht 1990 un a bis 2000 stoung de Joachim Gauck un der Spëtzt vun der Verwaltung, déi sech ëm d'Opschaffe vun den Ënnerlage vun der Staatssécherheet bekëmmert huet, an dofir gesuergt huet, datt d'Leit konnten een Abléck an hir Dossieren hunn. D'Stasi-Behörde hat dofir och den Numm vu Gauck-Behörde kritt.

Duerno bis hie President gouf, huet hie sech gesellschaftspolitesch mat Virträg an Opkläerungsversammlungen als Responsable vun der Associatioun: „Géint Vergiessen-fir Demokratie“ engagéiert.

Bal ee Joer laang, hat hien och all 14 Deeg op ARD eng Emissioun mat sengem Numm.
Zënter 2000 ass de Joachim Gauck mam Daniela Schadt zesummen.

© Max Theis

© vdl