D'Police mellt eng ganz Rei Abréch a versichten Abréch uechter d'Land um Mëttwoch. A verschiddene Fäll konnten awer d'Täter gestallt ginn.

Am spéide Nomëtteg um Mëttwoch gouf der Police en Déifstall an engem Bus zu Stroossen gemellt. No éischten Informatiounen ass dem Affer den Handy aus der Hand gerappt ginn. Ermëttlunge goufen ageleet.

Och an der Géigend vum Boulevard de Kockelscheuer zu Gaasperech gouf en Handy geklaut. Eng Patrull huet sech direkt op d'Plaz gemaach a konnt d'Affer do treffen. Éischten Erkenntnisser no hu verschidden Täter ënner Uwendung vu Gewalt dem Affer den Handy ewechgeholl. Eng direkt ageleete Sich ass ouni Erfolleg bliwwen an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Am Nomëtteg gouf och an e Gefier an der Avenue Victor Hugo um Lampertsbierg agebrach, wou no éischten Informatiounen en Täter en Handy an e Portmonni geklaut huet. E Verdächtege konnt awer no enger Sich gestallt ginn. D'Géigestänn koumen zréck bei de Besëtzer an et gouf e Protokoll erstallt.

Méi spéit owes gouf e versichten Déifstall an der Rue de Rollingergrund an der Stad gemellt, wou dräi Männer sech Zougang zu engem Gefier verschafe wollten, dobäi awer gestéiert goufen a geflücht sinn. Eng direkt ageleete Sich ass positiv verlaf an zwee Verdächteger konnte gestallt ginn. Och hei gouf Protokoll erstallt.

Um Mëttwoch gouf och an en Eefamilljenhaus an der Rue Ausone zu Zéisseng agebrach. Bis ewell onbekannt Täter hate sech iwwer eng Dier Zougang zum Banneraum verschaaft an hunn de Raum duerchwullt.

Méi spéit owes gouf et e versichten Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue du Pont zu Esch-Uelzecht, wou no éischten Informatioune bis ewell onbekannt Täter iwwer eng Fënster probéiert hunn an d'Haus eranzekommen, wat hinnen awer net gelongen ass.

A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.