Déi meescht Parteie si sech eens, datt Atomstroum net d'Zukunft ass
 
                    © pexels.com
Et géing der Regierung un enger konkreter Strategie a Saachen Energiepolitik feelen, virun allem mat Bléck op d'Atomenergie.
Dat war d'Haaptkritik vum Joëlle Welfring vun deene Gréngen, déi d'Aktualitéitsstonn iwwer d'Energiepolitik ugefrot haten. An den Detailer gouf et zwar Ënnerscheeder, mee am Grousse Ganze ware sech awer bal all d'Parteien eens.
 
"De Premier seet awer gläich am Ufank vu senger Mandatszäit an dësem Kontext, datt hien anere Länner net gären, ech zitéieren, 'Lektiounen' erdeelt. War dat geduecht, fir eventuell d'Erwaardunge vun deene Leit direkt vun Ufank un erofzeschrauwen, déi sech erhofft haten, datt sech tatsächlech konsequent fir Sécherheet géing agesat ginn? Au contraire zu deem, wat am Regierungsprogramm steet, mierkt een nämlech näischt vun deene sougenannten Interventiounen a wann ee méi genee nofreet, wat gemaach gouf, kritt ee lakonesch geäntwert, datt bei scho fixéierten Entrevuë mat franséischen a belschen Homologen op d'Motioun vun der Chamber verwise gëtt. Wow!"
 
Den CSV-Deputéierte Jeff Boonen huet ënnerstrach, datt sech d'Positioun vu senger Partei net geännert hätt an een d'Atomenergie weiderhi fir net nohalteg hält. Engersäits wéinst der Fro, wou de radioaktiven Offall gelagert soll ginn an anerersäits, well een Accident an engem Atomreakter schlëmm Konsequenzen hätt, deemno wou deen Accident geschitt och ganz massiver fir Lëtzebuerg. Et wier een dowéinst och géint d' Lafzäitverlängerungen an den Nopeschlänner. Trotzdeem géing een net weider géint d'Decisioun op EU-Niveau virgoen:
 
"Mee d'Decisioun ass awer op EU-Niveau demokratesch getraff an och geriichtlech confirméiert. An domadder muss een elo realpolitesch ëmgoen, mir gesi kee Sënn dran, nach eng Kéier ze kloen, well et ännert näischt. D'Energiepolitik muss sech op d'Zukunft konzentréieren, net op juristesch Symbolpolitik."
 
Mat der CSV an der Regierung géing och keng Atomzentral zu Lëtzebuerg gebaut ginn. De Luc Emering vun der DP huet sech am Numm vu senger Partei kloer géint d'Atomenergie a fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien ausgeschwat, dozou géingen och de Waasserstoff, de Biogas an d'Agriphotovoltaik gehéieren. Wann awer weider an den Atomsecteur investéiert gëtt, sollten déi Suen an éischter Linn an d'Léisung vum Offallproblem fléissen. De Franz Fayot vun der LSAP huet un den Nee zu enger Atomzentral zu Remerschen op engem LSAP-Kongress am Joer 1977 erënnert. Datt d'Atomenergie op EU-Niveau elo rëm salonsfäeg ass, wier iwwerdeems net ganz nei:
 
"Och déi viregt EU-Kommissioun von der Leyen I huet den Nuklear schonn als dekarboniséiert Transitiounsenergie ugesinn. Och e Grond, firwat et de Wee an d'Taxonomie gepackt huet, fir eben Investissementer a sougenannt propper Energien."
 
Modern Mini-Atomreaktere wiere keng realistesch Léisung, mee Science-Fiction. Den Tom Weidig vun der ADR huet gemengt, senger Partei wier et egal, vu wou d'Energie kënnt, et géing een d'Energiepolitik ouni Ideologie bedreiwen. Déi Gréng géingen d'Atomenergie méi geféierlech duerstellen, wéi se wier, wat awer net heesche géing, datt een net weider an d'Sécherheet investéiere sollt. Vun deene Grénge koum doropshin d'Fro, wat d'ADR dann dozou soe géing, datt deemno wéi een Endlager vun Atomoffall an d'Géigend vun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz kéint kommen. Den Tom Weidig huet doropshi gemengt, datt dat am Endeffekt keng Decisioun vu Lëtzebuerg wier.
 
Zum Schluss huet den Energieminister Lex Delles kloer ënnerstrach, datt Gas an Atom keng nohalteg Energiequelle wieren. Mat Bléck op d'Lafzäite vun den Atomreakteren an den Nopeschlänner huet hien déi Gréng dann dorunner erënnert, datt si an der viregter Regierung waren an et och do net gelonge wier, mat den eegenen Argumenter duerchzedréngen.
 
                     
                     
                     
                    