Chantier op der Place de l’Europe am Kader vu Sécherheetstester
Ënnert anerem ass am Kader vun engem Sécherheetskonzept d’Installatioun vu physesche Barrièren op der Place de l’Europe um Kierchbierg virgesinn.
Och wann am Groussen a Ganze Foussgängerpassage virgesi sinn, gëtt d’Accessibilitéit vun der Place de l’Europe wärend dem Chantier wesentlech ageschränkt. D'Plaz ass fir Vëloen net zougänglech.
De Parking "Trois Glands" ass de 5. November 2025 zou, de Parking "Place de l’Europe" bleift nëmme fir Chaufferen zougänglech, déi vum Kierchbierg kommen.
Fir Schied oder eventuell Blessuren ze vermeiden, recommandéieren d'Autoritéiten de Passanten, eng gewëssen Distanz zu de Stacheldrot-Barrièren ze halen.
Et gëtt betount , datt dësen Test nëmmen d’Installatioun vun de physeschen Infrastrukturen ëmfaasst, ouni dass et awer zu Übungen oder Asätz mat operationelle Policeunitéite kënnt. Fir d’Installatioun ze dokumentéieren, ass den Asaz vun Dronen säitens der Police iwwer de Chantier virgesinn.