De Lëtzebuerger brauch 2 Milliounen Euro Netto, fir sech räich ze fillen
© Photo by FRANK HOERMANN/SVEN SIMON / SVEN SIMON / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Dat geet op d'mannst aus enger Ëmfro vun der Online-Bank Swissquote, zesummen mat der Ilres ervir, wou d'Resultater en Donneschdeg publizéiert goufen.
Dat geet op d’mannst aus enger Ëmfro vun der Online-Bank Swissquote, zesummen mat der Ilres ervir, wou d’Resultater haut publizéiert goufen.
Et wollt een wëssen wéi d’Leit, déi hei am Land wunnen, hir an déi generell finanziell Situatioun aschätzen. E Brutto-Verdéngscht vun 408.000€ als Stot gëtt deemno als d’Limitte ugesinn, vu wou un ee sech als räiche Menage ka bezeechnen. 249.000 € d’Joer wier genuch fir sech als finanziell komfortabel un-ze-gesinn.
Zwou Zuelen, déi d’lescht Joer nach méi niddreg ageschat goufen, wat weisen géif, wéi d'Inflatioun an méi héich Liewenskäschten de Sënn vun der eegener finanzieller Sécherheet beaflossen.
E knappen Drëttel vun de Residente fillt sech haut nämlech manner selbstsécher, wat déi eegen finanziell Capacitéiten ugeet, wéi nach virun engem Joer, wat och eppes mat der Angscht viru geo-politeschen Tensiounen ze dinn hätt.