D'Chamber huet ee Gesetz fir d'Aféiere vu Sammelkloen ugeholl
Zu Lëtzebuerg wäert et an Zukunft méiglech sinn, Sammelkloen anzereechen.
Den entspriechende Gesetzesprojet gouf en Donneschdeg de Moien an der Chamber unanime ugeholl. Et handelt sech dobäi ëm d'Ëmsetze vun enger EU-Direktiv an nationaalt Recht. Dës Kloe kënne just duerch sougenannten Entités qualifiées, zum Beispill Associatiounen, déi vum Konsumenteschutzministère agreéiert sinn, agereecht ginn, an net vu verschiddenen Eenzelpersounen. Esou soll verhënnert ginn, datt ze vill vun deene Kloen agereecht ginn.
D'Rapportrice vum Gesetzesprojet, d'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert, huet d'Sammelklo als Moyen bezeechent, fir dat ongläicht Kräfteverhältnis tëscht dem Konsument op där enger Säit a groussen internationale Konzerner op der anerer Säit op d'mannst zum Deel auszegläichen. Fir dat ze verdäitlechen, huet si op d'Geschicht vum David a Goliath aus der Bibel zeréckgegraff:
"De klengen Hiert zitt lass, ouni Rëschtung, just mat senger Schleider an e puer Steng. Wéi de Goliath sech dann natierlech iwwert dee klengen David lëschteg mécht, hëlt den David seng Schleider a schéisst dem Goliath ee vu senge Steng matten op d'Stier. De Ris fält ëm, de klengen David huet de Kampf gewonnen."
Den initiale Gesetzesprojet gouf 2020 vun der deemoleger Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert agereecht a gouf an der Tëschenzäit zimmlech massiv iwwerschafft, de Staatsrot hat nämlech net manner wéi 110 Oppositions formelles formuléiert. Als LSAP-Deputéiert huet Paulette Lenert dann och bedauert, datt d'CSV-DP-Regierung sech um Enn dorobber beschränkt huet, d'EU-Direktiv eent zu eent ëmzesetzen an zum Beispill keng obligatoresch Informatiounsversammlung am Kader vun enger Mediatioun méi virgesinn ass. Och den David Wagner vun deene Lénken huet fonnt, datt den ursprénglechen Text besser war an dem Konsument méi Rechter zougestanen hätt:
"Ech kann Iech awer soen, wann deem klengen David seng Schleider sou ausgesinn hätt wéi deen heite Gesetzestext, da weess ech net, ob de Goliath net awer rëm opgestane wier an deem klengen David eng an d'Sabbel ginn hätt. Ech mengen de Mythos ass net perfekt."
Hien huet zudeem dofir plädéiert, datt Sammelkloen och am Aarbechtsrecht agefouert sollte ginn. D'Alexandra Schoos vun der ADR huet sech doru gestéiert, datt net kloer wier, wie viséiert ass. Wärend kleng Betriber net onbedéngt d'Méiglechkeet hätten, sech ze wieren, géing dat bei grousse Konzerner anescht ausgesinn.
D'Konsumenteschutzministesch Martine Hansen huet dann nach annoncéiert, datt wann d'Gesetz bis gestëmmt ass, een Internetsite mam Numm recourscollectif.lu online wäert goen.
Wärend et an der Lescht éischter roueg ronderëm d'Sammelkloe ginn ass, gouf virun allem am Kader vum Diesel- respektiv Ofgasskandal bei Volkswagen virun zéng Joer vill iwwert dee Moyen geschwat. Deemools gouf et an den USA nämlech esou Sammelkloen, wärend dat zu Lëtzebuerg guer net an an Däitschland net an deem selwechte Mooss wéi an den USA méiglech war.