Besëtzer vu warscheinlech geklauten Objete gesicht, Iwwerfall am Garer Quartier
 
                    © Police
D'Police sicht no den oder dem Besëtzer vun zwee Medaillonen, déi warscheinlech geklaut goufen.
Am Kader vun den Ermëttlunge ginn elo d'Besëtzer oder de Besëtzer heivunner gesicht. Op engem vun de Medaillonen ass den Numm "Christophe" aggravéiert.
 
                    Den oder d'Besëtzer gi gebieden, sech bei der Police ze mellen, dat um (+352) 244 89 1000 oder via Mail op police.ardennes@police.etat.lu.
Affer kritt am Garer Quartier d'Kette vum Hals gerappt
E Mëttwoch den Owend gouf an der Géigend vun der Gare an der Stad een Iwwerfall gemellt, bei deem ee Mann sengem Affer d’Kette vum Hals gerappt huet.
D’Police huet direkt eng Sich an d’Weeër geleet an hat dann och séier Chance: de Verdächtege konnt lokaliséiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.
 
                     
                     
                     
                    