D’Staatsbeamtegewerkschaft verurteelt d’Privatiséierungs-Bestriewungen am Gesondheetssecteur, wéi si et nennt.

Déi national Akaf- a Logistikzentral soll ouni Consultatioun virdrun duerch d’Parlament “gepeitscht” ginn.
D’Gesondheetsministesch kritt Arroganz virgeworf. Si géif net op Bréiwer reagéieren, géif Gespréicher refuséieren a berechtegt Bedenken iwwergoen.
 
De Finanzminister Gilles Roth, dee gëtt ëmmerhi gelueft, fir säi Sozialdialog. Hie géif virun der geplangter Steier-Individualiséierung mat alle Säite schwätzen. Eng Iwwergangsreegelung vun 20 Joer géif awer net duergoen.
 
Bei der Rentereform hätt d’Regierung leider no der 3. Sozialronn ofgebrach an hätt d’Propose vun de Syndikater, fir nei Recetten ze schafen konsequent ignoréiert.