Zu Conter steet eng nei Majoritéit
© RTL Archiv
D’Conter Bierger a Biergerinne kréien en neie Schäfferot. DP, LSAP an Déi gréng hunn e Mëttwoch den Owend e Koalitiounsaccord ënnerschriwwen.
Domadder gëtt et dann déi éischt Dräier-Koalitioun tëscht Blo, Rout a Gréng op Gemengen-Niveau am Land. Buergermeeschter gëtt deemno den Dali Zhu vun der DP. Fir hie wier et wichteg, dass elo Rou an d’Gemeng kënnt an dass ka weider geschafft ginn, sot hien am RTL-Interview. Den Dali Zhu gëtt assistéiert vum éischte Schäffe Pol Thomé vun der LSAP an dem Gréngen Ari Arrensdorff.
Den neie Buergermeeschter Dali Zhu. / © Domingos Oliveira / RTL
Ufank Oktober hat d’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet jo demissionéiert an der Suitte vu fermen interne Streidereien. Si wier erliichtert, dass elo eng Decisioun geholl ass, esou déi nach-Buergermeeschtesch en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Bis den DP-Politiker Dali Zhu als neie Buergermeeschter vereedegt gëtt, féiert si hir Aarbecht op der Gemeng weider.
Déi nei Koalitioun huet am Conter Gemengerot elo eng knapp Majoritéit vu 6 Sëtz, géintiwwer 5 fir d’CSV. Bis ewell gouf et eng LSAP-CSV-Koalitioun, déi am Ganze 7 Sëtz hat.
D'Marion Zovilé-Braquet. / © Domingos Oliveira / RTL