"Wann een eppes an der Boxentäsch huet, kann et séier goen"
Täschendéif si virun allem do aktiv, wou vill Leit ënnerwee sinn. An der Stad Lëtzebuerg ass dat méi dacks de Fall.
Restaurateuren a Geschäftsleit hu sech an engem Whatsapp-Grupp zesummegedoen, fir sech bei Tëschefäll, wou Clientë beklaut ginn, auszetauschen.
Ee vun hinnen ass den Alexandre De Toffol, e Stater Geschäftsmann.
"Dëse Summer war et wierklech schlëmm", erkläert hien am RTL-Interview.
De Whatsapp-Grupp wier virop gegrënnt ginn, fir sech ënnereneen auszetauschen:
"Wann een eppes gesäit oder eng Foto huet, schéckt een dat an de Grupp, an esou kënne mir déi Leit séier erkennen“, erkläert hien. An engem Fall konnt esou en Täschendéif direkt gestoppt a vun der Police verhaft ginn.
Alexandre De Toffol, Stater Geschäftsmann
"Et geet extrem séier“
"Et soll een dem Déif keng Geleeënheet ginn", seet den Tim Pauly vun der Police, dee fir d’Präventioun zoustänneg ass. Dacks géife Leit déi beklaut ginn, net oppassen. Beispiller déi hien am Interview genannt huet, si Kutschen déi eleng op der Fouer stoungen an do drop Kierf oder Posche loungen.
Aner Beispiller wieren, wa Persounen am Restaurant op d'Toilette ginn an hir Saachen onbeopsiichtegt do leier loossen. E weidere Klassiker wier:
"Wann een de Portmonni oder den Handy hannen an der Boxentäsch huet, geet dat am Gedrängel ganz séier."
An de meeschte Fäll gëtt keng Gewalt agesat, fir eppes ze klauen. D'Leit ginn ofgelenkt, a wärenddeem ginn se beklaut. Dofir soll een de Portmonni, den Handy oder aner Wäertsaachen ëmmer um Kierper droen.
D’Zäit ronderëm d’Fouer, de Summer an d’Chrëschtmäert gëllen traditionell als Héichsaison fir Täschendéif. Also ëmmer dann, wa vill Leit ënnerwee sinn, vill potentiell Affer zirkuléieren an d'Täschendéif an der Mass verschwanne kënnen.
Tim Pauly, Police Lëtzebuerg
Net all Affer mécht eng Plainte
E grousse Problem bleift, datt vill Affer guer keng Plainte maachen. Ma nëmme wann eng Plainte gemaach gëtt, kéint d’Police aktiv ginn, esou den Tim Pauly vun der Police.
De Geschäftsmann Alexandre De Toffol huet esou Erfarunge gemaach. Dacks wéilten d'Clientë keng Plainte maachen.
"Ech hunn en Tourist missen iwwerzeegen, fir eng Plainte ze maachen. Soss si se e puer Deeg drop erëm fräi a maachen einfach weider."
Wéi d'Police erkläert, gëtt all Fait opgeholl an och eng Enquête gemaach. Ee vun de Problemer wier allerdéngs, datt et sech an de meeschte Fäll em einfach Déifställ handelt, esou den Tim Pauly. Bei enger Eenzeldot, sinn d'Strofe relativ niddereg. De Frust vun de Restaurateuren a Geschäftsleit kéint een novollzéien.
D’Enquêteure schaffe mat de Kolleegen aus der Groussregioun zesummen a kënnen op international Datebanken zeréckgräifen. Wa kee Verdächtegen ermëttelt gëtt, gëtt heiansdo e puer Méint méi spéit en Opruff un d’Ëffentlechkeet gemaach.
Fir Kontakt mat der Redaktioun opzehuelen, maacht e Mail un dossier@rtl.lu oder fir mam Journalist ze schreiwen op pierre.weimerskirch@rtl.lu.