Camion verléiert Gasfläschen an der Areler Strooss

© cisma.lu
5 Gasfläsche ware vun engem Camion gebonzelt, 4 dovu konnte séier geraumt ginn ... D'Strooss hat musse gespaart ginn.
Um Méindeg de Moie géint 10 Auer ass et zu engem Tëschefall zu Mamer an der Areler Strooss komm.
E Camion, dee Gasfläschen transportéiert huet, hat eng Box, an där 5 Fläschen dra waren, verluer. Well d'Fläschen zum Deel beim Fale beschiedegt goufen, konnten der just 4 séier evakuéiert ginn - eng ass leie gelooss ginn, fir méi spéit vun enger Spezialentreprise ewechgeholl ze ginn.
Wéinst de Gasfläschen huet en Deel vun der Areler Strooss musse fir den Trafic gespaart ginn.

© cisma.lu
Am Asaz war de Mamer Interventiounszenter.

© cisma.lu