Am Louvre zu Paräis koum et e Sonndegmoien zu engem Iwwerfall, bei deem Objete mat "onschätzbarem" Wäert geklaut goufen.

Am weltbekannte Louvre zu Paräis ass et e Sonndeg de Moien zu engem Iwwerfall komm, wéi déi franséisch Kulturministeresch Rachida Dati op X bestätegt. Et wier kee blesséiert ginn, heescht et weider.

Éischten Ermëttlungen no ass dat ganzt tëscht 9.30 an 9.40 Auer geschitt, esou d'Police. D'Täter wieren op Scootere bei de Musée komm, mat klenge Motorseeën equipéiert gewiescht an iwwer e sougenannte Monte-charge, wéi se bei Plënnerfirmaen benotzt ginn, an e Sall vum Musée agedrongen.

Wéi d'AFP aus dem Ëmkrees vun der Ministesch gewuer ginn ass, wieren d'Täter mat enger Rei Bijoue geflücht. D'Zeitung "Le Parisien" mellt, datt insgesamt néng Ausstellungsstécker aus der Sammlung vum Napoleon a senger Fra betraff wieren – dorënner eng Ketten an eng Brosch.

De Wäert vun de geklaute Géigestänn gëtt de Moment ermëttelt. Vum franséischen Inneminister Laurent Nunez heescht et allerdéngs, déi geklauten Objeten wien "onbezuelbar".

Kuerz nom Iwwerfall koum d'Meldung, datt eent vun de geklaute Stécker net weit ewech vum Louvre fonnt gouf.

Wéi de Musée op X matgedeelt huet, bleift de Louvre "aus aussergewéinleche Grënn" haut zou. Eng weider Stellungnam gëtt et de Moment nach net.

De Louvre zielt zu de bekanntsten Attraktioune vun der franséischer Haaptstad a war 2024 mat bal néng Millioune Visiteuren dee meescht-besichte Musée op der Welt.